Film-Kritiken
presentéiert vu worldcinema.lu

<< Quatre Etoiles >>
Genre:
Komédie
Réalisateur:
Christan Vincent
Produzent:
Marc Missonnier
Acteuren:
Isabelle Carré, José Garcia, François Cluzet
Land:
Frankraich
Joer:
2006
Dauer:
100
Public:
Kanner zougeloss
Kritik an Informatiounen iwwert de Film:

4 Stären fir \"Quatre étoiles\"...

Hollywood a Frankräich - den Versuch gëtt hautzudaags esou oft gestart, an schléit och baal grad esou oft feel, zumindest um Niveau vun der Qualitéit. Matt \"Quatre Etoiles\" kënnt elo allerdéngs eng duechaus erfrëschend franséich Komédie op den groussen écran, déi sëch niewt éngem zolitt strukturéierten an matt fill Witz bestécktenen Scénario, och nach op eng ganz modern Mise-en-scène an en exellenten Casting kann verlossen.

D`Story maach flait op den éischten Bléck zimlech konventionell kléngen, mee wann een déi zwee Haatppersonaagen em déi sëch daat ganz dréint emool bis richteg kennen geléiert huet, mierkt een ganz schnell dass \"Quatre Etoiles\" eng zwar ganz ënnerhaalend, mee och zimlech komplex Komédie ass, bei där däitlech fill Wärt op d`Enwecklung vun den Figuren geluecht gin ass.

D`Isabelle Carré lancéiert sëch deemno an d`Roll vum Fransou, eng am fong ganz banaal jonk Fraa, déi enges Daags noom Doud vun hierer Groussmam, 50,000 Euro iewt. Genervet vun hierem Lover séngen schlechten Witzer, an oft vun der Langweill verfollëgt, décidéiert d`Fransou sëch also spontaan op Cannes ze déplacéieren, fir ett sech firop mool gudd goen ze loossen. Eischten arrêt: eng Suite am Carlton Hotel.

Do léiert hatt dann och den Stéphane (José Garcia) kennen, en ganz opdränglëchen an wibbelechen Exzentriker deen op Kächten vun aaneren Léilt iewt, an natirlech och direkt brënnend um Franssou séngen Suen interesséiert ass. Mee fällt hatt dann op hien eran? An wisou ass ett dass den Stéphane d`Franssou eigentlech guer nett attraktiiv ze schéngen fënnt?

Froen, deenen ett en richtegen Genoss ass noozekucken, während se beäntwert gin. Responsaabel fir den énormen Succès vun dësem immens léiwen Filmchen sin firop emool den José Garcia an d`Isabelle Carré, déi alle béid hier Rollen wonnerbaar meechteren, all eenzelen Dialog ganz authëntësch eremspigelen an einfach wéi d`Fauscht op d`Aa beieneen passen. Sie hun zwar abolut naischt gemeinsam, mee alles fir sech irgendwei uneneen ze interesséieren. Eng Chemie déi voll a ganz passt also, an dem Film séng globaal Atmosphäre vun der éischter Minutt un verséisst.

Och a punkto Scénario huet \"Quatre Etoiles\" séng 4 Stären secher verdengt. Den Christian Vincent liwert héi eng intellgent Komédie ouni konventionell Dialoguen, mee schéckt seng Figuren an en ganz animéiert an oofwiesslungsräicht Katz-a-Maus Spill matt einfacher mee dach immens flott inszéneierter Moraal.

Mee opgepasst, \"Quatre Etoiles\" huet zwar a punkt o Rhythmus en liichten Hollywood touch, mee addresséiert sëch trotzdeem nett un en mainstream Publique. Ett muss een firunallem Fan vun der gudder franséicher Komédie sin fir dësst Produkt voll genéissen ze kënnen, an och muss een sech op eng Zort Humor astellen, déi nett onbedéngt emmer direkt ganz kloer ze verstoen ass. Exellenten Kascht also, béi deem ett allerdéngs nett gëllt den Kapp totaal oofzeschalten. Trotzdeem en richteg flotten Film, deen engem bei eegal wéi enger Laun och, en breed Laachen op d`Gesiicht zauberen wärt. (Franck Tabouring - worldcinema.lu / RTL)

 


<< Quatre Etoiles >>
Genre:
Komédie
Réalisateur:
Christan Vincent
Produzent:
Marc Missonnier
Acteuren:
Isabelle Carré, José Garcia, François Cluzet
Land:
Frankraich
Joer:
2006
Dauer:
100
Public:
Kanner zougeloss
Kritik an Informatiounen iwwert de Film:

4 Stären fir \"Quatre étoiles\"... Hollywood a Frankräich - den Versuch gëtt hautzudaags esou oft gestart, an schléit och baal grad esou oft feel, zumindest um Niveau vun der Qualitéit. Matt \"Quatre Etoiles\" kënnt elo allerdéngs eng duechaus erfrëschend franséich Komédie op den groussen écran, déi sëch niewt éngem zolitt strukturéierten an matt fill Witz bestécktenen Scénario, och nach op eng ganz modern Mise-en-scène an en exellenten Casting kann verlossen. D`Story maach flait op den éischten Bléck zimlech konventionell kléngen, mee wann een déi zwee Haatppersonaagen em déi sëch daat ganz dréint emool bis richteg kennen geléiert huet, mierkt een ganz schnell dass \"Quatre Etoiles\" eng zwar ganz ënnerhaalend, mee och zimlech komplex Komédie ass, bei där däitlech fill Wärt op d`Enwecklung vun den Figuren geluecht gin ass. D`Isabelle Carré lancéiert sëch deemno an d`Roll vum Fransou, eng am fong ganz banaal jonk Fraa, déi enges Daags noom Doud vun hierer Groussmam, 50,000 Euro iewt. Genervet vun hierem Lover séngen schlechten Witzer, an oft vun der Langweill verfollëgt, décidéiert d`Fransou sëch also spontaan op Cannes ze déplacéieren, fir ett sech firop mool gudd goen ze loossen. Eischten arrêt: eng Suite am Carlton Hotel. Do léiert hatt dann och den Stéphane (José Garcia) kennen, en ganz opdränglëchen an wibbelechen Exzentriker deen op Kächten vun aaneren Léilt iewt, an natirlech och direkt brënnend um Franssou séngen Suen interesséiert ass. Mee fällt hatt dann op hien eran? An wisou ass ett dass den Stéphane d`Franssou eigentlech guer nett attraktiiv ze schéngen fënnt? Froen, deenen ett en richtegen Genoss ass noozekucken, während se beäntwert gin. Responsaabel fir den énormen Succès vun dësem immens léiwen Filmchen sin firop emool den José Garcia an d`Isabelle Carré, déi alle béid hier Rollen wonnerbaar meechteren, all eenzelen Dialog ganz authëntësch eremspigelen an einfach wéi d`Fauscht op d`Aa beieneen passen. Sie hun zwar abolut naischt gemeinsam, mee alles fir sech irgendwei uneneen ze interesséieren. Eng Chemie déi voll a ganz passt also, an dem Film séng globaal Atmosphäre vun der éischter Minutt un verséisst. Och a punkto Scénario huet \"Quatre Etoiles\" séng 4 Stären secher verdengt. Den Christian Vincent liwert héi eng intellgent Komédie ouni konventionell Dialoguen, mee schéckt seng Figuren an en ganz animéiert an oofwiesslungsräicht Katz-a-Maus Spill matt einfacher mee dach immens flott inszéneierter Moraal. Mee opgepasst, \"Quatre Etoiles\" huet zwar a punkt o Rhythmus en liichten Hollywood touch, mee addresséiert sëch trotzdeem nett un en mainstream Publique. Ett muss een firunallem Fan vun der gudder franséicher Komédie sin fir dësst Produkt voll genéissen ze kënnen, an och muss een sech op eng Zort Humor astellen, déi nett onbedéngt emmer direkt ganz kloer ze verstoen ass. Exellenten Kascht also, béi deem ett allerdéngs nett gëllt den Kapp totaal oofzeschalten. Trotzdeem en richteg flotten Film, deen engem bei eegal wéi enger Laun och, en breed Laachen op d`Gesiicht zauberen wärt. (Franck Tabouring - worldcinema.lu / RTL)

 


<< BATMAN BEGINS >>
Genre:
Action / Comic Adaptatioun / Adventür
Réalisateur:
Christopher Nolan
Produzent:
Emma Thomas, Charles Roven, Larry Franco
Acteuren:
Christian Bale, Michael Caine, Liam Neeson, Morgan Freeman, Gary Oldman, Ken Watanabe, Katie Holmes, Cillian Murphy, Tom Wilkinson, Rutger Hauer
Land:
USA
Joer:
2005
Dauer:
139 mins.
Public:
All Alter erlaabt
Kritik an Informatiounen iwwert de Film:

Back to the roots: de `Batman` besser wéi nie!

Waat ass mam Batman geschitt?, huet esou muencher een sech gefroot nodeems den Tim Burton d`menschlech Fliedermaus an den Hänn vum Joel Schumacher gelooss huet. `Batman & Robin` an `Batman Forever` hun den Kritiker an de Fans grouss Enttäuschung bescheert. Mam Christopher Nolan sengem `Batman Begins`, en Prequel, ännert daat ganzt sech elo: sou hellt desen immens spannenden an extreem flott inszéneierten Film éis matt un den richtegen Ufank, nämlech d`Gebuurt vum Batman, dem Held vun Gotham City.

Woubäi déi éischt Stonn vum film sech am Détail op dem Bruce säin Karakter konzentréiert, an erzielt wéi hien zu sengen Kampftechniken kennt and wéi hien d`Konzepter vun Angescht an Gerechtechkeet gesäit, sou offréiert den zweeten Deel vum Film non-stop Action duech ganz Gotham City. Endlech emool ass desst en `Batman` Film deen ett erem op den Punkt brengt: firwaat kämpft den Bruce Wayne fir d`Gerechtegkeet? Waat hällt hien vun Revanche? Froen, déi den Réalisateur Christopher Nolan an den Scénarist David S. Goyer (deen all `Blade` Filmer geschriwen huet) op innovatiiv an spannend Art an Weis beäntwerten.

Exellent Effecter, fill super Gadjeen, an opwänneg Stunts beglecken den Spekatateur fir héich-ennerhaalend 139 Minutten. Dobäi gett d`gobal Atmossphäre vun engem vun deenen beschten Soundtracks ennerstezt déi ech an läschter Zäit begéint hun: komponéiert vum James Newton Howard an Hans Zimmer. Dann spillem d`Schauspiller eng immens wichteg Roll. Den Christian Bale ass DEN perfekten Batman per excellence; serieux, humorvoll an ängschtlesch. Do donierwt iwerzeegen voll an ganz den Michael Caine als Butler Alfred, den Morgan Freeman, deen dem Batman all seng Waffen an den néien stiilvollen Batmobile beliwert, souwéi den Gary Oldman, en supper Katie Holmes an e béisen Cilian Murphy.

`Batman Begins` ass deen beschten `Batman` seit dem Tim Burton seng éischt Adaptatioun, an zielt elo schon matt zu den beschten Blockbuster vum Joer. E ganz däischteren Film also, deen een ennert kengen Emstänn sollt verpassen. (Franck Tabouring - www.worldcinema.lu)

 


--> Filmkritik-Archiv


Fir all weider Kritiken an Informatiounen iwwert aner aktuell Kinosfilmer,
gitt op www.worldcinema.lu kucken.
Oder klickt hei ënnen op déi jeweileg Film-Posteren.







Wanns du selwer eng Kritik iwwert e Kinosfilm wëlls schreiwen,
kanns du daat am halwer7.lu - Kinosforum maachen!




powered by: Webtechnologies.lu
» «
© Copyright 2000-2006  halwer7.lu