 |
 |
|
|
 |
 |
|
|
 |
|
|
|
|
|
|
|
|
|
Isabelle Carré, José Garcia, François Cluzet
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
 |
Kritik an Informatiounen iwwert de Film:
4 Stären fir \"Quatre étoiles\"...
Hollywood a Frankräich - den Versuch gëtt hautzudaags esou oft gestart, an schléit och baal grad esou oft feel, zumindest um Niveau vun der Qualitéit. Matt \"Quatre Etoiles\" kënnt elo allerdéngs eng duechaus erfrëschend franséich Komédie op den groussen écran, déi sëch niewt éngem zolitt strukturéierten an matt fill Witz bestécktenen Scénario, och nach op eng ganz modern Mise-en-scène an en exellenten Casting kann verlossen.
D`Story maach flait op den éischten Bléck zimlech konventionell kléngen, mee wann een déi zwee Haatppersonaagen em déi sëch daat ganz dréint emool bis richteg kennen geléiert huet, mierkt een ganz schnell dass \"Quatre Etoiles\" eng zwar ganz ënnerhaalend, mee och zimlech komplex Komédie ass, bei där däitlech fill Wärt op d`Enwecklung vun den Figuren geluecht gin ass.
D`Isabelle Carré lancéiert sëch deemno an d`Roll vum Fransou, eng am fong ganz banaal jonk Fraa, déi enges Daags noom Doud vun hierer Groussmam, 50,000 Euro iewt. Genervet vun hierem Lover séngen schlechten Witzer, an oft vun der Langweill verfollëgt, décidéiert d`Fransou sëch also spontaan op Cannes ze déplacéieren, fir ett sech firop mool gudd goen ze loossen. Eischten arrêt: eng Suite am Carlton Hotel.
Do léiert hatt dann och den Stéphane (José Garcia) kennen, en ganz opdränglëchen an wibbelechen Exzentriker deen op Kächten vun aaneren Léilt iewt, an natirlech och direkt brënnend um Franssou séngen Suen interesséiert ass. Mee fällt hatt dann op hien eran? An wisou ass ett dass den Stéphane d`Franssou eigentlech guer nett attraktiiv ze schéngen fënnt?
Froen, deenen ett en richtegen Genoss ass noozekucken, während se beäntwert gin. Responsaabel fir den énormen Succès vun dësem immens léiwen Filmchen sin firop emool den José Garcia an d`Isabelle Carré, déi alle béid hier Rollen wonnerbaar meechteren, all eenzelen Dialog ganz authëntësch eremspigelen an einfach wéi d`Fauscht op d`Aa beieneen passen. Sie hun zwar abolut naischt gemeinsam, mee alles fir sech irgendwei uneneen ze interesséieren. Eng Chemie déi voll a ganz passt also, an dem Film séng globaal Atmosphäre vun der éischter Minutt un verséisst.
Och a punkto Scénario huet \"Quatre Etoiles\" séng 4 Stären secher verdengt. Den Christian Vincent liwert héi eng intellgent Komédie ouni konventionell Dialoguen, mee schéckt seng Figuren an en ganz animéiert an oofwiesslungsräicht Katz-a-Maus Spill matt einfacher mee dach immens flott inszéneierter Moraal.
Mee opgepasst, \"Quatre Etoiles\" huet zwar a punkt o Rhythmus en liichten Hollywood touch, mee addresséiert sëch trotzdeem nett un en mainstream Publique. Ett muss een firunallem Fan vun der gudder franséicher Komédie sin fir dësst Produkt voll genéissen ze kënnen, an och muss een sech op eng Zort Humor astellen, déi nett onbedéngt emmer direkt ganz kloer ze verstoen ass. Exellenten Kascht also, béi deem ett allerdéngs nett gëllt den Kapp totaal oofzeschalten. Trotzdeem en richteg flotten Film, deen engem bei eegal wéi enger Laun och, en breed Laachen op d`Gesiicht zauberen wärt. (Franck Tabouring - worldcinema.lu / RTL)
|
|
|
|
|
|
 |
 |
|
|
 |
|
|
|
|
|
|
|
|
|
Isabelle Carré, José Garcia, François Cluzet
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
 |
Kritik an Informatiounen iwwert de Film:
4 Stären fir \"Quatre étoiles\"...
Hollywood a Frankräich - den Versuch gëtt hautzudaags esou oft gestart, an schléit och baal grad esou oft feel, zumindest um Niveau vun der Qualitéit. Matt \"Quatre Etoiles\" kënnt elo allerdéngs eng duechaus erfrëschend franséich Komédie op den groussen écran, déi sëch niewt éngem zolitt strukturéierten an matt fill Witz bestécktenen Scénario, och nach op eng ganz modern Mise-en-scène an en exellenten Casting kann verlossen.
D`Story maach flait op den éischten Bléck zimlech konventionell kléngen, mee wann een déi zwee Haatppersonaagen em déi sëch daat ganz dréint emool bis richteg kennen geléiert huet, mierkt een ganz schnell dass \"Quatre Etoiles\" eng zwar ganz ënnerhaalend, mee och zimlech komplex Komédie ass, bei där däitlech fill Wärt op d`Enwecklung vun den Figuren geluecht gin ass.
D`Isabelle Carré lancéiert sëch deemno an d`Roll vum Fransou, eng am fong ganz banaal jonk Fraa, déi enges Daags noom Doud vun hierer Groussmam, 50,000 Euro iewt. Genervet vun hierem Lover séngen schlechten Witzer, an oft vun der Langweill verfollëgt, décidéiert d`Fransou sëch also spontaan op Cannes ze déplacéieren, fir ett sech firop mool gudd goen ze loossen. Eischten arrêt: eng Suite am Carlton Hotel.
Do léiert hatt dann och den Stéphane (José Garcia) kennen, en ganz opdränglëchen an wibbelechen Exzentriker deen op Kächten vun aaneren Léilt iewt, an natirlech och direkt brënnend um Franssou séngen Suen interesséiert ass. Mee fällt hatt dann op hien eran? An wisou ass ett dass den Stéphane d`Franssou eigentlech guer nett attraktiiv ze schéngen fënnt?
Froen, deenen ett en richtegen Genoss ass noozekucken, während se beäntwert gin. Responsaabel fir den énormen Succès vun dësem immens léiwen Filmchen sin firop emool den José Garcia an d`Isabelle Carré, déi alle béid hier Rollen wonnerbaar meechteren, all eenzelen Dialog ganz authëntësch eremspigelen an einfach wéi d`Fauscht op d`Aa beieneen passen. Sie hun zwar abolut naischt gemeinsam, mee alles fir sech irgendwei uneneen ze interesséieren. Eng Chemie déi voll a ganz passt also, an dem Film séng globaal Atmosphäre vun der éischter Minutt un verséisst.
Och a punkto Scénario huet \"Quatre Etoiles\" séng 4 Stären secher verdengt. Den Christian Vincent liwert héi eng intellgent Komédie ouni konventionell Dialoguen, mee schéckt seng Figuren an en ganz animéiert an oofwiesslungsräicht Katz-a-Maus Spill matt einfacher mee dach immens flott inszéneierter Moraal.
Mee opgepasst, \"Quatre Etoiles\" huet zwar a punkt o Rhythmus en liichten Hollywood touch, mee addresséiert sëch trotzdeem nett un en mainstream Publique. Ett muss een firunallem Fan vun der gudder franséicher Komédie sin fir dësst Produkt voll genéissen ze kënnen, an och muss een sech op eng Zort Humor astellen, déi nett onbedéngt emmer direkt ganz kloer ze verstoen ass. Exellenten Kascht also, béi deem ett allerdéngs nett gëllt den Kapp totaal oofzeschalten. Trotzdeem en richteg flotten Film, deen engem bei eegal wéi enger Laun och, en breed Laachen op d`Gesiicht zauberen wärt. (Franck Tabouring - worldcinema.lu / RTL)
|
|
|
|
|
|
 |
 |
|
|
Action / Comic Adaptatioun / Adventür
|
|
 |
|
|
|
|
|
|
Emma Thomas, Charles Roven, Larry Franco
|
|
|
|
|
Christian Bale, Michael Caine, Liam Neeson, Morgan Freeman, Gary Oldman, Ken Watanabe, Katie Holmes, Cillian Murphy, Tom Wilkinson, Rutger Hauer
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
 |
Kritik an Informatiounen iwwert de Film:
Back to the roots: de `Batman` besser wéi nie!
Waat ass mam Batman geschitt?, huet esou muencher een sech gefroot nodeems den Tim Burton d`menschlech Fliedermaus an den Hänn vum Joel Schumacher gelooss huet. `Batman & Robin` an `Batman Forever` hun den Kritiker an de Fans grouss Enttäuschung bescheert. Mam Christopher Nolan sengem `Batman Begins`, en Prequel, ännert daat ganzt sech elo: sou hellt desen immens spannenden an extreem flott inszéneierten Film éis matt un den richtegen Ufank, nämlech d`Gebuurt vum Batman, dem Held vun Gotham City.
Woubäi déi éischt Stonn vum film sech am Détail op dem Bruce säin Karakter konzentréiert, an erzielt wéi hien zu sengen Kampftechniken kennt and wéi hien d`Konzepter vun Angescht an Gerechtechkeet gesäit, sou offréiert den zweeten Deel vum Film non-stop Action duech ganz Gotham City. Endlech emool ass desst en `Batman` Film deen ett erem op den Punkt brengt: firwaat kämpft den Bruce Wayne fir d`Gerechtegkeet? Waat hällt hien vun Revanche? Froen, déi den Réalisateur Christopher Nolan an den Scénarist David S. Goyer (deen all `Blade` Filmer geschriwen huet) op innovatiiv an spannend Art an Weis beäntwerten.
Exellent Effecter, fill super Gadjeen, an opwänneg Stunts beglecken den Spekatateur fir héich-ennerhaalend 139 Minutten. Dobäi gett d`gobal Atmossphäre vun engem vun deenen beschten Soundtracks ennerstezt déi ech an läschter Zäit begéint hun: komponéiert vum James Newton Howard an Hans Zimmer. Dann spillem d`Schauspiller eng immens wichteg Roll. Den Christian Bale ass DEN perfekten Batman per excellence; serieux, humorvoll an ängschtlesch. Do donierwt iwerzeegen voll an ganz den Michael Caine als Butler Alfred, den Morgan Freeman, deen dem Batman all seng Waffen an den néien stiilvollen Batmobile beliwert, souwéi den Gary Oldman, en supper Katie Holmes an e béisen Cilian Murphy.
`Batman Begins` ass deen beschten `Batman` seit dem Tim Burton seng éischt Adaptatioun, an zielt elo schon matt zu den beschten Blockbuster vum Joer. E ganz däischteren Film also, deen een ennert kengen Emstänn sollt verpassen. (Franck Tabouring - www.worldcinema.lu)
|
|
|
|
|
|
 |
 |
|
|
Action / Comic Buch Adaptatioun
|
|
 |
|
|
|
|
|
|
Edward L. McDonnell, Denise DiNovi
|
|
|
|
|
Halle Berry, Benjamin Bratt, Sharon Stone, Lambert Wilson, Frances Conroy, Alex Borstein
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
 |
Kritik an Informatiounen iwwert de Film:
Ett ass wahrscheinlech déi schlechst Comic-Buch Adaptation déi bis elo den Wee an eis Kinoen fonnt huet: dem Pitof säin total ratéierten \'Catwoman\', en Film deen nie hätt dierfen aus dem Käfeg geloss gin. D\'Halle Berry spillt d\'Patience Philips, eng tolpatscheg and onschelleg jonk Fraa déi no engem terriblen Akzident hiert Liewen verléiert, an duech puert Gleck en néit geschenkt krit. Wéi duech en Wonner, verwandelt d\'Patience sech an eng iwerstaark Fraa déi fillen, kucken, sprangen and sech beweegen kann wéi eng Kaatz.
Ausser engem ganz modernen an flotten Soundtrack (Klaus Badelt), deen e puer vun den zuelraichen ruinéierten Action-Szenen e bessen mài attraktiv ausgesin leisst, huet den \'Catwoman\' einfach naischt ze bidden. Ett ass firunallem dem Theresa Rebeck säin onméiglech enttäuschenden Script, deen desen Film vun Ufank bis Enn zerstéiert. D\'Geschicht ass meeschtens onlogesch, immens repetitive and frunallem glad guer nett interessant.
Och eng Oscar-Gewennerin Halle Berry ass nett am Stand desen Film ze retten. Den franséichen Réalisateur Pitof maach wuel heitmat säin Hollywood-Debut féieren, mee nodeems den Oofspann vum \'Catwoman\' iwert den Ecran rennt, kennen mer nemmen hoffen, dass heen sech schnell rem zreck an Frankraich verzitt, an sech an eng déif Höhl verkraucht. \'Catwoman\' ass finalement en terrible schlechten Action-Film, deen alles wéi nett stubenrein ass. Waat dem Film feelt, enner fillem aaneren, ass den néidegen \'Comic Effekt\'. \'Catwoman\' ass onbrauchbar, and misst erem sou schnell wéi meiglech zreck an den Saack gepackt gin! (Franck Tabouring - worldcinema.lu)
|
|
|
|
|
|
 |
 |
|
|
 |
|
|
|
|
|
|
Molly von Fürstenberg, Viola Jäger, Harald Kügler
|
|
|
|
|
Diana Amft, Jasmin Gerat, Karoline Herfurth, Max Riemelt, Sebastian Ströbel, Max von Thun, Simon Verhoeven
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
 |
Kritik an Informatiounen iwwert de Film:
Noom iwerraschendem Succès vun der Daitscher Teenie-Komédie ‘Mädchen, Mädchen’, déi frun dräi Joer ronn 1.8 Milliounen Daitscher Kinogägner begeeschtert huet, waar ett secherlech un der Zäit fir eng Fortsetzung.
Och am ‘Mädchen, Mädchen 2 – Loft oder Liebe’, kréien déi jonk Frendinnen Inken, Lena, an néizougang Lucy d’Saach nett einfach gemaach. Nodem sie am éischten Deel op der Sich nom perfektem Orgasmus waaren, sou geet et lo drem, eng belleg Dräi-Zemmerwunneg opzedreiwen, an daat mool fir knapp 500 Euro.
Den Titel vun deser Fortsetzung huet par rapport zum Viirgänger nett fill changéiert, an ett krit een schnell d’Impressioun, matt der Geschicht wär ett d’selwecht gaang. Sou suivéiert ‘Mädchen, Mädchen 2’ daat haart Erwuessenginn vun dräi spéit-pubertären Meedecher, bei deenen sech d’Männer an d’Léift emmer méi zur Wichtegkeet entwecklen.
Trotz den iwerraschend erfreschenden Interpretatiounen vun den Akrtissen Diana Amft, Karoline Herfurth and Jasmin Great, brengt dess Komédie ett nett färdeg den Kinogänger matt neien Ideen zefriddenzestellen. Déi méi oder manner vülgär Handlung bleiwt répétitiiv an vun Clichéen bleiwt een nett verschount!
Ob Mädchen, Mädchen 2 awer matt sengem Viirgänger matthaalen kann, an sech zum Succès entwëckelt, bleiwt nach oofzewaarden. (Franck Tabouring)
|
|
|
|
|
<< Cheaper by the Dozen >>
|
     |
|
 |
 |
|
|
 |
|
|
|
|
|
|
Robert Simonds, Ben Myron, Chris Columbus, Michael Barnathan
|
|
|
|
|
Steve Martin, Bonnie Hunt, Hilary Duff, Piper Perabo, Tom Welling, Blake Woodruff, Jacob Smith
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
 |
Kritik an Informatiounen iwwert de Film:
Eng ganz Band Kanner, een onorganiséierten Papp, e grousst Haus, an totalen Chaos, erennert daat iech un naischt? Majo dach, den erfreschenden \'Daddy Day Care\', deen sech lescht Joer duech eis Kinoen \'gespillt\' huet. Lo ass ett awer den Steve Martin deen d\'Roll vum Babysitter iwerhellt, am \'Cheaper by the Dozen\' vum Shawn Levy, en recht animeierten an flott gestalltenen Familienfilm deen duech sain oofwiesselnden Szénario and sain diversen Witz positiv iwerrascht.
Matt bekanntenen Akteuren wei den Steve Martin, Bonnie Hunt, Hilary Duff an den Tom Welling (\'Smallville\'), engem charmanten an vibranten Skript an vill iwerdriwenen Humor, gelengt ett dem \'Cheaper by the Dozen\' d\'Spektateuren, ob grouss oder kleng fir 97 kuerz Minutten konsiderabel ze ennerhaalen. Och wann daat ganzt e weing iwerdriwen ass, zoumools waat d\'Behuelen vun den Karakteren ungeet, bleiwt den ganzen Film trotzdem bis zum Schluss erfreschend and amüsant, zumools duech den Kaos, d\'Gebrells, and d\'Gestreits vun deenen villen Kanner, dei sech stur dogeint wieren, dass d\'ganz Famill vum Land an d\'Staat zitt.
Och wann den \'Cheaper by the Dozen\' eng Komödie matt klengem Budget ass, sou ass ett dach schlussendlech een matt Witz, vill Oofwiesslung an enger flott gestaltener Atmosphäre geluedenen Film fir grouss and kleng. Kanneresch mee ennerhaalend and perfket fir en reenereschen Nometten schnell ze iwerbrecken. Dem Steve Martin sain leschten Film war \'Bringing Down the House\', an deem en schon en exellent Leeschtung hannerlooss huet. (Franck Tabouring - worldcinema.lu / Radio Waky)
|
|
|
|
|
|
 |
 |
|
|
 |
|
|
|
|
|
|
|
|
|
Maurice Barthélémy, Jean-Paul Rouve, Pierre-François Martin Laval, Marina Foïs, Elise Larnicol, Pascal Vincent, Gérard Depardieu, Alain Chabat, Jean Rochefort, Jean-Paul Bonnaire
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
 |
Kritik an Informatiounen iwwert de Film:
Wei horrrrrrribel därf en Film eigentlech sin? Sou Saachen wei \'RRRrrrr!\' dierften eigentlech guer nett existéiren. Dem Alain Chabat (Réalisateur vum \'Astérix&Obélix: Mission Cléopâtre\') seng néi, \'pre-historesch\' Komedie erzielt eng iweraus blöd an gehirlos Geschicht, se ass immens langweileg an wärt iech secher nett zum Laachen brengen. Desst ass groob waat doriwer ze soen ass!
Den Film zielt amfong vun zwee Stämm dei vrun 37000 op deser Welt een deem aaneren op den Sou gaangen sin. Den Stamm vun den \'Cheveux Propres\' huet d\'Formule vum Shampooing erfonnt, an den Stamm vun den \'Cheveux Sales\' mecht naischt aaneres wéi ze meckeren. Mee enges Daags passeiert eppes waat \'Cheveux Propres\' nach nie erliwet hun: fir dei allereischten Keier an der Geschicht vun der Menschheet, ass en kriminelen Akt passéiert...
Voilà, an daat ass alles mat deem sech \'RRRrrrr!\' beschäftecht. D\'Story ass immens domm, an ouni Kréativiteit, d\'Ennerhaalung ass enttäuschend and d\'Schauspiller, obwuel sie probeiren witzeg eriwerzekommen, brengen ett nett färdeg, den Spektateur ze iwerzeegen.
Alles waat een am Film ze heiren kritt ass \'Salut Pierre\' (se heeschen all Pierre - weinst dem âge de pierre), and \'Il va fair noir; Ta Gueule\' (well sie daat Wuert \'Merde\' nach nett erfonnt haaten). Den Plot ass répétitiv, d\'Geschicht zitt sech, déi iwerflesseg Spezial-Effekter ganz belleg an déi gesamt Idee einfach nemmen verschass!
\'RRRrrrr!\' ass nett witzeg an och nett ennerhaalend and d\'98 Minutten schengen wéi eng Eiwegkeet! \'RRRrrrr!\' ass einfach nemmen Zaitverschwendung! Roaaaaaarrrrrrrr, ett ass einfach grausam!
Franck Tabouring - worldcinema.lu / Radio Waky / utopolis.com
|
|
|
|
|
<< Lost in Translation >>
|
     |
|
 |
 |
|
|
 |
|
|
|
|
|
|
|
|
|
Scarlett Johansson, Bill Murray, Anna Faris, Giovanni Ribisi, Fumihiro Hayashi
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
 |
Kritik an Informatiounen iwwert de Film:
D\'Sofia Coppola, dueschter vum Francis Coppola, ass no dem \'Virgin Suicides\' rem zereck! Matt \'Lost in Translation\', secherlech een vun deenen beschten Filmer vum leschten Joer, matt Schance op eng oder mei Oscar-Nomineirungen, beweisst hatt erem eng keier sain Talent an Saachen Drama-Komédie op den groussen Schierm brengen. D\'Geschicht erzielt vum Bob, en Acteur deen op Tokyo reest fir eng Whisky Publicitéit ze dreinen. Zimlech erleng an dauernd midd weinst dem Jet Lag, ouni eng Meiglechkeet sech an d\'Sociéteit ze intégreieren an daer en am moment lieft, kann nemmen nach en Frend him hellefen. Enges Daags trefft hien an sengem Hotel op d\'Charlotte, engem amerikaneschen Photograaph seng Fraa dei och ennert Langweil an Middegkeet leid. Sie ginn Frenn, an maachen daat bescht aus hierem Opendhalt zu Tokyo...
Sou genial d\'Geschicht och an den Film emgesaat gin ass, sou genial ass den Filmverlaaf. Witzeg, dramatesch, emouvant and intelligent ass den \'Lost in Translation\' en Film deen een vun Ufank bis Schluss am Ootem hällt. Nett nemmen ass den Film culturell and sozial opgebaut, mee och geet d\'Sofia Coppola, scénaristin vum Film, op dei richteg déif Importenz vun der Frennschaft an, illustréiert duech all dei vereckten Saachen dei den Bob and Charlotte mueres, mettes and owes zesummen ennerhuelen.
Waat den Film awer sou richteg ausergeweinlech mecht sin d\'Interpretatiounen vum Bill Murray and Scarlett Johansson. Sie iwerzeegen an allen Punkten an gin dem dach heiandso luesem Filmverlaaf en neien Stouss...
\'Lost in Translation\', en Film deen een op allefall nett därf verpassen (Franck Tabouring - worldcinema.lu/RadioWaky/utopolis.com)
|
|
|
|
|
|
 |
 |
|
|
 |
|
|
|
|
|
|
|
|
|
Hugh Grant, Emma Thompson, Liam Neeson, Laura Linney, Alan Rickman
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
 |
Kritik an Informatiounen iwwert de Film:
Léift ass iwerall! Daat ass amfong waat den \'Love Actually\' unhand vun senger Geschicht aus un den Spectateur brengen well. An, fir éierlech ze sin, ass ett genau daat waat dess romatesch Komédie zu engem wonnerbaren Film matt fill Gefiller, Freed, Trauer, Zoufall and natirlech Léift mecht. Den Richard Curtis, den scénariste vum émouvanten an witzegen \'Bridget Jones\'s Diary\' an \'Notting Hill\', huet hei bei \'Love Actually\' fir d\'éischten Kéier d\'Roll vum Régisseur iwerholl. An och doran schengt den genialen Mann immens Talent ze hun; desen Film beweist ett. Obschons een kéint seng Zweifel kreien wann een rausfennt dass den Film ganzer 134 Minutten huet, sou ass daat awer absolut keen Grond ze verzweifelen; spéitstens no deem een den Film gesin huet wenscht een sech flait en wär nach bessen méi laang gewiecht!
Den Love Actually\', sou interessant, amusant and romantesch en och ass, focuséiert am fong op ronn 14 verschidden Individuumen, zwee Méint firun Chreschtdaag, déi Zaït am Joer déi een matt deenen Persounen verbrengt déi engem staark um Herz léien. Jiddereen vun desen Figuren huet oder krit matt der Léift ze din; ob am positiven oder negativen Senn, ett spillt keng Roll. Den Filmverlaaf, deen duechaus extreem ennerhaalend ass (prinzipiell duech diversitéit vun den verschiddenen Karakteren), d\'Acteuren, déi hier Roll einfach total beherrschen an sou och komplett iwerzeegen (den Hugh Grant ass einfach onschlagbaach, den Firth immens charmant, Keira Knightley zimlech sexy an d\'Martin McCutcheon einfach nemmen passionant), den immens dynameschen, flotten an animéierten Soundtrack (den Score ass componéiert vum brillianten Craig Armstrong), den Script an natiirlech och dem Curtis seng Regie, maachen den \'Love Actually\' zou der sougenannter beschten romatescher Komédie déi desst Joer op dem groussen Schierm presentéiert ginn ass!
Duech Szenen oder Passagen (besonneg den Schluss) bei deenen engem d\'Gänsehaut kann ausbriechen, haaptsächlech well se einfach nemmen schéin an zimlech eemouvant and wonnerbar strukturéiert sin, ass den \'Love Actually\' een vun deenen raaren Briteschen Filmer déi een, nodeem een se gesin huet, einfach nemmen frou an glecklech maan! Matt fill Humor and Kreativitéit, an natirlech matt engem Sujet deen amfong d\'force motrice vum Liewen ass, nämlech d\'Léift, ass ett den Filmemacher gelongen, eng draamhaft schéin, zwar mool iwerdriwen, mee flott inszeenéiert Komédie ze réaliséiren, déi een soubaal nett vergiessen wärt!
Grad zur rechten Zait an den Kinoen, e puer Wochen firun Creschtdaag, ass den \'Love Actually\' een Film deen een ennert kenger Konditioun verpassen därf. Frenn vum \'Bridget Jones\' oder \'Notting Hill\' wärten erfreet sin eng néi Produktioun vun der selwechter Film-Equipe kennen ze gesin; all déi aaner, déi prinzipiell naischt géint romantesch Komédien hun, waerten eng Equipe kennenléiren déi sech domat beschäftegt, Filmer ze maachen iwert déi schéin Saachen an deser Welt - an d\'Léift wärt jo wuel eng dovunner sin. Ett get fill vun Misär an der Welt geschwaat, secher, mee waan een am fong genau em sech kuckt, dann gesaït een och dass dach d\'Léift méi staark kann sin...actually! (Franck Tabouring - www.worldcinema.lu / Radio Waky / www.utopolis.lu)
|
|
|
|
|
<< The Matrix: Revolutions >>
|
    |
|
 |
 |
|
|
 |
|
|
|
|
|
|
|
|
|
Keanu Reeves, Carrie-Anne Moss, Laurence Fishburne, Hugo Weaving, Jada Pinkett-Smith, Monica Bellucci, Collin Chou, Nona Gaye, Harry Lennix, Rupert Reid, Clayton Watson
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
14 Joer weinst Violence and Language
|
|
 |
Kritik an Informatiounen iwwert de Film:
Sou wei den Frodo desen Dezember am \'Cracks of Doom\' wäert ukommen, sou ereecht den auerwielten Neo lo endlech d\'Staat vun den Maschinen! Domat geet dann och den leschten Deel vun der \'Matrix\'-Trilogie zu Enn. An dach haat den \'Matrix: Revolutions\' desen weekend en wonnerbaaren, draamhaften Ufank am Amerikaneschen box office: $50,155,000 an eng partie ganz schlecht Kritiken, an daat nett nemmen an den States!
Trotzdem, och waan een zweemool driwer nodenken muss, dei ganz \'MATRIX\' Série ass and bleiwt eng vun deenen beschten and interessantesten Science-Fiction Trilogien déi ett jeemools an de Kino gepackt hun! An souguer am dretten Deel elo, deem jo firgeworf gett dass en einfach zefill belleg Action enthällt, beinhaltet e puer immens wichteg Informatiounen zu der ganzer Kréation vun der Matrix. An och do brauch ett un Zait an \'e puer mool driwer nodenken\', bis een ett ganz verstoen kann.
Secher ass: Den \'Revolutions\' ass gefellt matt non-stop Action, charakteeriséeiert duech non-stop action, héich-qualitatiiv Spezial-Effekter, Explosiounen, Geballers an en ultimativen, 17-minüttegen Showdown tescht dem Neo, dem sougenanntenen \'PC-Dokter\', an den Agent Smith, dem Programfeeler.
Vill Leit wärten behaapten, dass den éischten deel deen beschten war, an desen Schluss (\'Revolutions\') elo nemmen nach blöd an ouni Senn probéiert, d\'Audienz matt Action ze ennerhaalen. Sie hun baal recht: jo, den éischten \'Matrix\' ass eng Revolution, mee och den \'Reloaded\' and den \'Revolutions\' (eigentlech jo een Film), sin duechaus importent fir sech en komplett Bild ze maan vun der ganzer Idee.
De ganzen Konzept, an deem ett geet dass den Neo, als eenzegen Auserwieltenen (ett gouffen jo schon 5 Matrixen firun him), sech verléift, an sou och als eenzegen den choix mecht, sengem Herz noze goen! Hätt hien sech am Bureau vum Architekt am \'Reloaded\' wei déi aaner entscheedt, haett den Film kennten ophaalen. Mee nee, duech sain Choix konnt den Smith méi staark gin, an d\'Orakel an Plang aushäenegen fir deem ganzen Krich tescht Machinen and Menschen en Steen an den Wee ze leen. All daat léiren mer am \'The Matrix: Revolutions\', deem gestärkt gett duech seng Action zu Zion, tescht den Menschen an den Sentinellen, an schlussendlech, duech den \'Last Man Standing\'-match ganz um Enn.
Och wann dei philosophesch Konversatiounen aus dem \'Reloaded\' hei nett präsent sin, sou ass ett awer erem schéin, den Neo, Trinity an den Morpheus ze gesin sech hieren Wee duech den Zoufall an d\'Schicksal ze kämpfen. Ett gett esou fill ze endecken an der Matrix, dir kennt äerer Imaginatioun fraien Laaf loossen. Verglaicht daat ganz z.b. matt der Bibel: Den Architekt ass den Gott, den Merovingian den Däiwel and d\'Oracle den hellegen Geescht! Domat bleiwet mer ze soen, waat fir en Choix der och emmer maacht, denkt drun: Allens waat en Ufank huet, huet och en Enn! (Franck Tabouring - www.worldcinema.lu / www.utopolis.lu / Radio Waky / Cinénygma a.s.b.l.)
|
|
|
|
|
|
 |
 |
|
|
 |
|
|
|
|
|
|
|
|
|
Jean Reno, Gérard Depardieu, André Dussollier, Richard Berry, Jean-Michel Noirey, Léonor Varela
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
 |
Kritik an Informatiounen iwwert de Film:
Den Francis Veber, bekannt duech Filmer wei \'Le dîner de cons\' oder \'Le Placard\' ass rem do matt enger néier, rasanter Komédie mam Numm \'Tais-Toi\'. Den Jean Reno treppelt sou an d\'Roll vum Ruby, en harden Kärel deen sech un dem Mord vun senger Frendin rächen well. Un senger Säit den Quentin, gespillt vum geenialen Gérard Depardieu, deen alles versicht fir och nemmen en Kolleeg ze fannen. Och wann d\'Geschicht vum \'Tais-toi\' immens absurd and och zimlech superficiell ass, sou kann desen Film trotzdem als erfreschend and meescht witzeg Komedie gesin gin, dei sech gudd eenegt fir en Owend oder en langweilegen Nometten ze fellen. D\'Dialogen tescht dem total blöden Quentin and dem scrupelosen Ruby brengen een oft zum schmuntzelen, an och dei nombreus Pursuiten suergen sou fir eng an eng hallef Stonn konsiderabel Ennerhaalung. Waat interessant ass am \'Tais-toi\' ass d\'Idee zwee total verschidden Karakteren openeen lass goen ze loossen an se och nach zesummen op Flucht ze schecken. An op manst no der dretter Kéier wou den Depardieu gesoot huet: \'Bonjour, je m\'appelle Quentin, je suis de Montargi\', waert och dir unfaenken ze laachen! Vum Ufank bis zum Schluss ass den Plot variabel and gelueden matt neien Ideen, just ass d\'Story, wei schons gesoot, zimlech denn ouni fill Intelligenz oder Inspiratioun. Mee main Gott, daat muss jo nett emmer den Fall sin. (Franck Tabouring - worldcinema.lu/utopolis.lu/Radio Waky)
|
|
|
|
|
|
 |
 |
|
|
 |
|
|
|
|
|
|
David Nicksay, Marc E. Platt
|
|
|
|
|
Reese Witherspoon, Sally Field, Bob Newhart, Luke Wilson, Regina King
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
 |
Kritik an Informatiounen iwwert de Film:
D\'Elle Woods and den klengen Brusier schloen rem zou, an dess Kéier geet ett nett direkt em d\'Justiz, mee éischter em d\'Politik. Daat zimlech roosaat Elle geet op Washington, an zwar direkt an den Kapitol! Leidergottes ass déi Party dann awer guer nett witzeg. Deen éischten Film \'Legally Blonde\' war nach eppes néies, nett matt fill Senn zwar, mee trotzdem matt iwerdriwenem Witz. D\'Elle ass gebuer gin, an all Mensch huet angesin dass hatt sech em beschten matt Kosmetik auskennt. Lo ass ett rem do, gett bestued an kämpft onvergeblech geint Déierexperimenter. D\'Geschicht ass iwerdriwen ohne Ende, ett feelt un Kreativitéit an Idéen an ass och den Filmverlaaf charaktériséiert duech blöd Konversatiounen, humorloos Dialogen an zimlech fill Onsenn. Oder laacht dir iwert eng wichteg an aal Politikerin dei an engem Beauty-Salon zesummen mam Elle den \'Delta-Nu\' Danz danzt? An waat léieren mer aus dem \'Legally Blonde 2\'? Dass d\'Elle eng Fraa ass dei Differenzen kaan maan? Eppes ereechen kann? Eppes langweileges waat mer schon 100 mool gesin hun! Dess Komedie ass latzeg, laang an einfach blöd, matt op där aanerer Sait awer en akzeptabelt Reese Witherspoon! en Film deen eens schnell vergiessen kann! Fill méi schlecht wei den Nummer 1! (Franck Tabouring - franck@worldcinema.lu)
|
|
|
|
|
<< Werner - Gekotzt wird später >>
|
    |
|
 |
 |
|
|
 |
|
|
|
Hayo Freitag, Michael Schaak
|
|
|
|
|
Bernd Eichinger, Herman Weigel
|
|
|
|
|
Stemmen vun Klaus Büchner, Andi Feldmann, Rötger Feldmann, Kulle Westphal, Heinz Schenk, Lilo Wanders, Otto Sanders
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
 |
Kritik an Informatiounen iwwert de Film:
Haste mal en Bier? Wenn jo muss es aber Bölk Stoff sein! Déi berühmten Daitsch Comic-Figur Werner an seng Frenn aus Knöllerup schlooen erem zou! Endlech erem? Naja, daat ass dann awer déi falsch Froo. \'Werner - Gekotzt wird später\' ass also en zimlechen enttäuschenden Film. Waat Geschicht ungeet, sou huelen mer Deel um Werner senger Vakanz; desst ass schon emool en Changement verglach matt den zwee éischten Filmer. Den Werner, den Eckhart and den Andy deecidéiren also an d\'Korse ze fueren, matt hierer Schrottmillen, Mailloen an natirlech, Onmassen un Béier! Vun engem Trip duech ganz Europa bis hin zu enger Verfolgungsjuegd vun der daitscher Police, ett geet héich hier! An trotzdem bleiwt d\'Geschicht schlussendlech ouni Senn and secherlech ouni Spass.
Den Humoor ass knaschteg an iwerdriwen (wei mer ett vum Werner gewinnt sin), an och den Filmverlaaf ass imens répititiv! Ett gett gesoff, geschass, gekatzt an gesext wou een och hinkuckt. Sou ass och den eenzegen flotten an afallsraichen Moment am Film den Ufank, éi och schon beim éischten Deel. Ett geet em en Fussballspill op enger Campingplaatz. Chaos brecht aus, den Werner moderéiert an all aaner Leit flippen total aus! Mee daat ass ett och schon well no knapp 5 Minutten ass ett rem riwer an d\'Sauerei geet richteg lass.
Emmer déi selwecht Spiller, dei selwecht vulgär Witzer an vill Katz daat brengt eis den neien Werner matt an den Kino - eppes waat, wann een mech freet, zimlech blöd an ouni Inspiratioun oder Ennerhaalung ass. Wann der geduecht hutt dest waer en Comicfilm fir d\'ganz Famill - nööööööööö, bleibt wechhh! Fir all déi déi dem Werner sain Liewensstiil appréciéren, nichts wie hin! Den Werner ass rem do, mee an kenger gudder Form! Wahrscheinlech geheit en sech eng zefill an d\'Schaiss... (Franck Tabouring - franck@worldcinema.lu)
|
|
|
|
|
|
 |
 |
|
|
 |
|
|
|
|
|
|
David Glasser, Andreas Klein, David Nicksay
|
|
|
|
|
Frankie Muniz, Hilary Duff, Andrew Francis, Angie Harmon, Darrell Hammond
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
 |
Kritik an Informatiounen iwwert de Film:
Den James Bond kritt Konkurrenz, and zwar vum jonken Cody Banks! Am daag féiert heen en normaalt Teenager Liewen an an der Nuecht schlüpft en an d\'Roll vun engem CIA Recruit. Ausgebild an engem Summercamp gehéiert den Cody zu deenen beschten jonken Agenten vun America. Ett ass Zait fir send éischt Missioun: Heen soll sech sou schnell wei méiglech un Natalie Connors erun maan, en jonk raicht Meedchen deem sain Papp un geféierlechen Experimenter forscht. Genau gesin muss sain Papp Microroboteren entweckelen déi engem skrupellosen machtgierechen Terrorist sollen dengen, den ganzen Planéit ze zestéiren. Den Agent Cody Banks gett als Lockvogel vun der CIA lassgescheckt, duech daat attraktivt Natalie, sou vill Infos wei méiglech erauszeschloen. Eenzegen Probeleem: Den Cody kaan keen Meeter matt Meedercher emgoen... Total iwerdriwen an ganz am Stiil vun \'Spy Kids\' ass den Agent Cody Banks en néien Superheld, deen secherlech vill Kanner impressionéiren waert. D\'Atmosphär am Film ass zimlech vibrant an den ganzen Filmverlaaf ass duech Changementer an der Geschicht, mee och fill Action an Komedie charaktériséiert. Deen flottsten Deel vun Film ass awer d\'Period wou den Cody éischten Kontakt mam Natalie muss ophuelen. Fir den Rescht ass ett en Film matt fillen onméiglechen Gadgets, engem explosiven Schluss metten an den Bierger, gudden Akteuren (Frankie Muniz - \'Malcolm in the middle\') and genuch Ennerhaalung. Den \'Agent Cody Banks\' ass secherlech keen Meeschterwierk, well elleng d\'Effekter sin schon zimlech einfach an banal gestallt. Trotzdem bleiwt ett en ennerhaalenden Film, iwert deen een awer kann schmunzelen an nach eng Zaitchen kann schwaetzen. An och Natalie, gespillt vum Hilary Duff, ass schon eng ganz attraktiv jonk Miss... (Franck Tabouring - franck@worldcinema.lu)
|
|
|
|
|
|
 |
 |
|
|
 |
|
|
|
|
|
|
David Glasser, Andreas Klein, David Nicksay
|
|
|
|
|
Frankie Muniz, Hilary Duff, Andrew Francis, Angie Harmon, Darrell Hammond
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
 |
Kritik an Informatiounen iwwert de Film:
Den James Bond kritt Konkurrenz, and zwar vum jonken Cody Banks! Am daag féiert heen en normaalt Teenager Liewen an an der Nuecht schlüpft en an d\'Roll vun engem CIA Recruit. Ausgebild an engem Summercamp gehéiert den Cody zu deenen beschten jonken Agenten vun America. Ett ass Zait fir send éischt Missioun: Heen soll sech sou schnell wei méiglech un Natalie Connors erun maan, en jonk raicht Meedchen deem sain Papp un geféierlechen Experimenter forscht. Genau gesin muss sain Papp Microroboteren entweckelen déi engem skrupellosen machtgierechen Terrorist sollen dengen, den ganzen Planéit ze zestéiren. Den Agent Cody Banks gett als Lockvogel vun der CIA lassgescheckt, duech daat attraktivt Natalie, sou vill Infos wei méiglech erauszeschloen. Eenzegen Probeleem: Den Cody kaan keen Meeter matt Meedercher emgoen... Total iwerdriwen an ganz am Stiil vun \'Spy Kids\' ass den Agent Cody Banks en néien Superheld, deen secherlech vill Kanner impressionéiren waert. D\'Atmosphär am Film ass zimlech vibrant an den ganzen Filmverlaaf ass duech Changementer an der Geschicht, mee och fill Action an Komedie charaktériséiert. Deen flottsten Deel vun Film ass awer d\'Period wou den Cody éischten Kontakt mam Natalie muss ophuelen. Fir den Rescht ass ett en Film matt fillen onméiglechen Gadgets, engem explosiven Schluss metten an den Bierger, gudden Akteuren (Frankie Muniz - \'Malcolm in the middle\') and genuch Ennerhaalung. Den \'Agent Cody Banks\' ass secherlech keen Meeschterwierk, well elleng d\'Effekter sin schon zimlech einfach an banal gestallt. Trotzdem bleiwt ett en ennerhaalenden Film, iwert deen een awer kann schmunzelen an nach eng Zaitchen kann schwaetzen. An och Natalie, gespillt vum Hilary Duff, ass schon eng ganz attraktiv jonk Miss...
|
|
|
|
|
|
 |
 |
|
|
 |
|
|
|
|
|
|
|
|
|
Edouard Baer, Isabelle Nanty, Pierre-François Martin Laval, Juliette Duval, Nicolas Marais
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
 |
Kritik an Informatiounen iwwert de Film:
\'Allez les enfants, au schloof\'; daat ass duerchaus deen beschten Saatz am ganzen Film. \'Le Bison\' huet schon e puer erfreschend Momenter, mee trotzdem bleiwt d\'Ennerhaalung zimlech limitéiert. Dem Isabelle Nanty sain éischten Film zielt also iwert den Louis Le Bison, en gelangweilten Mann deen naischt aaneschtes mecht wei Piano spillen, schloofen, erausgoen an vun senger Nopesch, dem Dorine, genervt ze gin. Enges Daags awer ännert desst alles, well dem Dorine sain Mann matt der jonker Frendin vum Bison duerchbrennt. Dorine bleiwt zreck, matt 4 Kanner an engem 5ten am Bauch. Den Le Bison muss drengend matthelefen, sech em Kanner ze kemmeren an sech am Haus netzlech ze maan...
Dess franséich Komedie weist amfong, dass zwee Menschen déi sech eigentlech haassen, trotzdeem en Effort kennen maan fir sech alt ausstoen ze kennen. Secherlech ass desst en Film matt fillen blöden Sprech an onintelligent Dialogen, mee op där aanerer Säit, muss gesoot gin, dass d\'Atmospähre dach sech opfrescht soubaal den Bison unfänkt sech em d\'Kanner ze kemmeren. Ett sin och d\'Kanner déi finalement responsabel fir déi zahlreich Schmunzel-Momenter sin. Dem Edouard Baer seng Leeschtung ass zimlech gudd. Le Bison ass keen Meeschterwierk an och keen extreem witzegen Film, mee ett muss een awer soen dass verschidden Momenter oder Szenen ganz amüsant kennen eriwer kommen. Ett kennt nett sou op d\'Geschicht un, mee éischter op d\'Charakteren vun den Haapt-Personagen. Eng Duerchschnetts-Komedie fir wann d\'Wieder dobaussen reenerech ass... (by Franck Tabouring - franck@worldcinema.lu)
|
|
|
|
|
<< Piglet\'s Big Movie >>
|
     |
|
 |
 |
|
|
Zeechentrick / Kanner / Famill
|
|
 |
|
|
|
|
|
|
Michelle Pappalardo-Robinson
|
|
|
|
|
Stemmen vum John Fiedler, Jim Cummings, Ken Samson, Peter Cullen, James Cummings
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
 |
Kritik an Informatiounen iwwert de Film:
Ett ass rem zait fir en neien Disney! Dess kéier geet ett dann em den \'Piglet\'s Big Movie\', en flotten Zeechentrickfilm fir kleng Kanner iwert en klengt léiwt Fierkelchen an seng Frenn Winnie-Pooh, Rabbit, Eeyore, Roo an Tigger. Obwuel d\'Messaagen an den Disney-Filmer sech emmer glaichen, brengen d\'Filmemacher ett awer emmer erem färdeg, d\'Geschichten ze änneren, néi Saachen ze erfannen, oder méi aal Saachen ze erweiteren. \'Ferkels Grosse Abenteuer\' zielt also iwer Frennschaft, iwer d\'Trauer déi een empfennt wann keen sech em een kemmert and natirlech och iwer den Fait, dass een nett muss grouss sin, fir grouss Saachen ze areechen.
Vu dass keen sech méi em den klengen Piglet kemmert, decidéiert heen finalement, sech alleng op den Wee ze maan, irgendwou hin, ouni eng eenzeg Nooricht ze hannerloossen. Nodeems den Winnie an seng Frenn dann awer mierken dass hieren \'Klengen\' verschwonn ass, maachen sie sech all op den Wee fir desen eremzefannen. Den Trip gett beschwéierlech an spannend... Obwuel desen Zeechentrickfilm ganz einfach and och kannerech opgebaut (waat och den Zweck ass) ass, sou ass den Filmverlaaf duech fill Flashbacks an Erfaarungen vum Piglet an sengen Frenn charakteriséiert. Fact ass: desen Film ass fir jonk an kleng Kanner, matt fill Freed, Spannung, den traditionellen Museksstecker and ganz faarwechen Zeechnungen. No dem eigentlech entäuchenden \'Jungle Book 2\' ass desen Filmchen awer perfekt fir déi jonk Kinofrenn während der Summer-Saison ze ennerhaalen. (by Franck Tabouring - franck@worldcinema.lu)
|
|
|
|
|
|
 |
 |
|
|
 |
|
|
|
|
|
|
|
|
|
Hitomi Kuroki, Rio Kanno, Mirei Oguchi, Asami Mizukawa
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
 |
Kritik an Informatiounen iwwert de Film:
Ett ass schons eng Zait hier dass mer d\'Geleegenheet haaten, en néien Nakata Film ze gesinn. Lo ass den Moment do, matt \'Dark Water\' sengem néien Horror/Spannungs Film ganz am Stil vun \'Ringu\'. An ett geet rem iwert en Kand, Famill an Schicksal. Trotzdem ass desst en Film matt Spannung an enger donkler an vibranter Atmosphär! \'Dark Water\' zielt iwert eng Mamm, déi hiert klengt Meedchen verleisst fir ett ze schützen; ze schützen firun enger Séil vun engem Meedchen waat frun e puer Joer an engem Waasser-Reservoir-Tank em d\'Liewen komm ass. Komplizéiert klengt desst schon, mee waan een sech awer déif genuch an den Film eranversetzt, dann diert och den confusen Schluss keen allzegroussen Probleem duerstellen. Also sidd bereet fir e puer zimlech spannend Momenter gestärkt duech eng speziell Luucht-Technik, shrillen Sounds and e puer gudd Effekter. An wéi schons gesoot, \'Dark Water\' ass ganz am Stil vun \'Ringu\' opgebaut, nett nemmen waat d\'Struktur ungeet, mee och d\'Geschicht, d\'Personnagen an dären hieren Karakter...D\'Acteuren maachen hier Saach excellent. Desst ass keen Meeschterwierk, mee trotzdeem kann ech \'Dark Water\' nemmen empfeelen, well d\'Ennerhaalung dach garantéiert ass. En Must fir all Nakata Fans... (Franck Tabouring - franck@worldcinema.lu)
|
|
|
|
|
|
 |
 |
|
|
 |
|
|
|
|
|
|
Charles Roven, Terence Chang, John Woo
|
|
|
|
|
Chow Yun-Fat, Seann William Scott, Jaime King, Karel Roden, Victoria Smurfit
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
 |
Kritik an Informatiounen iwwert de Film:
Den Tibet schéckt en brillianten Monk an d\'U.S.A! An ett gett nemmen Chaos; souwéi en zimlech schlechten Film! Baséiert op den Comic mam selwechten Numm, ass den \'Bulletproof Monk\' en Action-Film matt fillen Feeler and enger zimlech enttäuchender Ennerhaalung. Am fong weist desen Film nett méi wéi den éiwegen Kampf tescht den Nazien and dem Buddhismus. Den prologue schon allèng weist dass een ett hei matt zimlech mediocren Special Effekter and onméiglechen Stunts ze dun huet. Sou offréiert den \'Bulletproof Monk\' dann och eng zimlech spektakulär Szeen: den Haaptacteur Yun-Fat Chow, also den Monk, sprengt an der Loft vun enger Säit vun engem Helikopter op déei aaner, dréint sech zweemool and katapultéiert sech sou an d\'Cabin. Mee nierwt dessem flott-animéiertem Moment fennt een keng gudd Ennerhaalung, nach néi Ideen oder intelligent Dialogen. Den Yun-Fat Chow, souwei och den Sean William Scott (\'Evolution\') spillen nett schlecht, mee och daat helleft desem einfachen an zimlech banalen Film nett aus der Patsch! A prendre ou à laisser... (Franck Tabouring - franck@worldcinema.lu)
|
|
|
|
|
<< Bend it like Beckham >>
|
     |
|
 |
 |
|
|
 |
|
|
|
|
|
|
|
|
|
Parminder K. Nagra, Keira Knightley, David Beckham, Jonathan Rhys Meyers, Anupam Kher, Archie Panjabi
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
 |
Kritik an Informatiounen iwwert de Film:
Den ‚Bend it like Beckham’ ass esou een Film deen een roueg kann kucken goen, wou een allerdéngs och net vill verpasst wann een en nët gesinn huet. Ann dat wier amfong och schon alles wat een dodriwwer kéinnt soen.
Den, ‚faarwegen’ (an e puer Hisiichten) Film kann matt Oofwiesslung déngen, kënnt matt e bëssen Situatiounskomik ann enger klassëscher Geschicht dohier ouni d’Openneentreffen vun den Kulturen weider ze verdéiwen.
D’Duerstellung, ann d’Régie weisen dobäi net vill Neies…
Bend it like Beckham – een Film deen ann der UK duerchaus gudd ukoum ann hei och e puer Leit interesséieren kéinnt…
…awer am Fong net esou deen Brénger ass. Alex Jovanovic - alex@worldcinema.lu
|
|
|
|
|
<< The Truth About Charlie >>
|
    |
|
 |
 |
|
|
Crime / Gangster / Thriller / Romance / Comedy / ?
|
|
 |
|
|
|
|
|
|
Edward Saxon, Ed Saxon, Jonathan Demme, Peter Saraf, Luc Besson
|
|
|
|
|
Mark Wahlberg, Thandie Newton, Tim Robbins, Christine Boisson, Stephen Dillane
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
 |
Kritik an Informatiounen iwwert de Film:
Beim ‚Truth about Charlie’, deen en Remake vum \'Charade\' mam Cary Grant ann Audrey Hepburn ass, si schon an den USA d’Meenungen wäit ausernee gaangen. Ann effektiv ass et net einfach den Film treffend ze bewäerten ann iwwerhaapt emool ze beschreiwen. Alles hänkt dervunner oof wéi een un den Film erugeet, wéi een Sënn dass den Film soll hunn ann wéi d’Maacher sech viergestallt hunn wéi den Public en unhëllt.
Eppes schécken ech direkt vieraus: Wann een den Film als duerchaus serriö gemengten Thriller matt e puer méi ‚witzeg-hekteschen’ Zich erugeet kann een dat Ganzt direkt siloossen: Zevill hektesch uneneegereiht ass den Film, zevill onfräiwëlleg komesch den Plot…ann dann di ständeg Ënnermoolung vun hierem ‚World-Music-Soundtrack’, deen awer dann erem matt dozou bäidréit wat ech elo probéieren ze beschreiwen:
Zéien mer déi eben genannten Aussoen awer an Ubetrueecht matt der Tatsaach dass effektiv e puer Szenen drann sinn wou den Film méi un eng Satire/Comédie, souguer Parodie hiweist. Ass dësen ständegen Wiessel dann och emmer esou evident? Ass desen Film dann esou ze verstoen dass zum Deel e bëssen den Geck gemaach, den Genre express iwwerdriwwen ann ridiculiséiert gëtt? Ganz esou évident ass dat nët...Ann dat ass och den Haaptproblem um Film, dass en séng Fronten net eendeiteg kloer stellt. (Dëst ass och genee wat eis amerikanesch Kollegen um Film kritiséiert hunn, ann wat esou hieren duerchaus schlecht ausgefallenen Rating rechtfäerdegt.)
Wann een den Film dann elo schlussendlech als ‚Parodie’ ugesäit ass dat ganzt natierlech op eng flott Art a Weis gemaach, verbreed e gewëssenen Charme ann wees och esou méi oder wéineger ze begeeschteren. Ech perséinelch tendéieren och zu esou engem Ubléck. Ann egal wéi een den Film elo gesäit muss een awer soen dass et eppes Frësch-Neies ass…
Ech verginn eng 3/5 un den Film, well e puer Szenen dra sinn déi uspriechend opgebaut sinn (mä nach laang net den ‚Silence of the Lambs-Demme’ Niveau erreechen) ann d’Ennerhaalung bei der Saach net op der Streck bleiwt…
Schlussendlech ass dëst awer esou een Film wou jidfereen eenzel sollt jugéieren vun wéi enger Säit en un den Film erugeet ann wéi séng deementspriechend Gedanken ausfaalen. Alex Jovanovic - alex@worldcinema.lu
|
|
|
|
|
|
 |
 |
|
|
007 / Action / Adventure / Agent
|
|
 |
|
|
|
|
|
|
Michael G. Wilson, Barbara Broccoli
|
|
|
|
|
Pierce Brosnan, Halle Berry, Judi Dench, John Cleese, Rosamund Pike
|
|
|
|
|
USA / UK. / CHINA / SPUENIEN 2002
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
 |
Kritik an Informatiounen iwwert de Film:
Jo, d\'Vierfreed war grouss: se hu geschwaat vum \'räifsten Bond aller Zäiten\', dem kréinenden 20er\'. Mä leider sinn déi Zweifel, déi opkomm sinn wéi een gewuer ginn ass dass keen aneren wéi den Lee Tamahori d\'Regie an d\'Hand geholl huet, zu Recht opkomm.
Eng gudd Portioun opgebloosen Action a Kombinatioun matt dem (, jo, dach,) bëllegen, oft souguer onfräiwelleg komeschen Plot, deen och guer net weider vierhanden ass, doen dem Film nämlech net grad gudd.
D\'Duersteller dann: Ménger Meenung no liwwert den Brosnan séng Bescht Performance als James Bond oof. Niewend eiser Oscar-Gewënnerin, déi net vill méi wéi eng bessen iwwert dem Duerchschnëtt leiend Performance bréngt, alles an allem awer net schlecht spillt, hunn mer d\'Rosamund Pike, dat eng echt Neientdeckung ass.
Sou erënnert hatt un klassesch Bond-Girls wéi d\'Pussy Galore aus dem \'Goldfinger\' oder Tatiana Romanova am \'From Russia with Love\'. (Méi?) interessant wier et ginn wann d\'Mrs. Berry ann Pike hier Rollen getauscht hätten...
Kommen mer zum Tamahori séngen onméiglechen Kameratechniken - net méi wéi en hoffnungslosen Versuch Schwong ann d\'Saach ze bréngen.
D\'Madonna, dat net nemmen den Titelsong bäigesteiert huet (, deen beim éischten kéier Héieren vläit nach ganz witzeg kléngt, fir en James Bond awer, och wann mir d\'Joer 2001 elo hannert ons leien hun, op guer kee Fall a Fro dierf kommen,), mä och nach eng (wann och eng kleng) Roll am Film erwëscht huet, bei däer verschidden Leit wäerten d\'Zänn ann d\'Stulllehn schloen...
Wat ass amgaang matt dem Bond-Mythos ze geschéien? Den James huet den Sprong ann dat net Millennium wahrlech net gudd verkraaft.
Duerch e puer Uspillungen ann Zitater, (\'Birds Book\' etc.), déi dann am verglach mam rescht awer nach ganz interessannt wierken, hiewen ech den Film op 6/10. Derbäi kennt eben d\'Taatsaach dass et - hey - Bond ass...(och wann ouni d\'007 um Poster et ei net sou einfach wier erauszefannen...). Alex Jovanovic - alex@worldcinema.lu
|
|
|
|
|
|
 |
 |
|
|
 |
|
|
|
|
|
|
Neal H Moritz, Stokely Chaffin
|
|
|
|
|
Reese Witherspoon, Fred Ward, Mary Kay Place, Patrick Dempsey, Josh Lucas
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
 |
Kritik an Informatiounen iwwert de Film:
Bon ech muss schon soen, \'Sweet Home Alabama\' ass sweet, mee flait awer nett ze sweet! No groussen Produktiounen wei \'Ever After\' am Joer 1998 an zimlech erfolechraichen \'Anna and the King\' 1999, kéiert den Andy Tennant matt enger romantescher and dramatescher Komedie zreck, déi sech matt dem Fait auserneensetzt, dass d\'Liewen ganz plötzlech changéiren kann well daat schéint Doheem wirklech fill Souveniren and Experiencen opbrengt.
Well den \'Sweet Home Alabama\' iwert eng bekannten an jonk Mode-Designerin déi sech matt engem raichen an wichtegen Mann well bestueden, awer nett kann well se nach offiziel matt hierem Ex-mann bestuet ass, erzielt, behandelt den Film verschidden Thematiken: ett gett jo gesoot, dass d\'Geld d\'Welt un d\'Laafen brengt, mee waat secher ass, ass dass ett engem d\'Liewen, den Zoufall, d\'Zukunft and firunallem d\'Léift nett änneren kann. An daat ass nett alles. Den Film geet nach op d\'Kollisioun tescht der raicher, wichteger and der héiger Societéit matt der aarmer, einfacher and rockeger an, mee en illustréiert och den plötzlechen Karakterwandel vun engem jonken Meedchen daat staark duech den Zesummenstouss vun zwee verschiddenen Lifestylen and aalen Souveniren beaflosst gett: Freed, Amusement and Experience gin erem ausgegruewen. Bon wéi ass daat elo op den Ecran bruecht? An ass ett nett zefill op eemool?
Den \'Sweet Home Alabama\' ass eigentlech an zweespaltegen Film. Woubai deen éischten Deel zimlech schwéier, ze schnell an nett oofwiesselend ass, sou ass deen zweetenh Deel awer éischter kaotesch, fill méi animéiert an humorvoll. D\'Witzer and d\'Dialogen sin nett inspirativ an déei ganz Hochzaitsgeschicht ass, soen mer, iwerflächleg an zimlech iwerdriwen. Mee ett gin och postiv Punkten. Den Schnett ass animéiert an déi permanent oofwiesselnd Musek, sou wéi verschidden Danz-Szenen and kreativ Ideen bauen eng dach charmant an ennerhaalent Atmosphäre op.
Bon genuch geschriwen. d\'Acteuren maan eng gudd Arbecht, d\'Reese Witherspoon schengt erwuessen ze gin and och den Josh Lucas faszineiert matt sengem Charme an senger Sturheet! Den \'Sweet Home Alabama\' ass en Film matt mangelnder Kreativitéit, an awer konsiderable Acteuren. Franck Tabouring - www.worldcinema.lu
|
|
|
|
|
<< Bowling for Columbine >>
|
    |
|
 |
 |
|
|
 |
|
|
|
|
|
|
Michael Moore, Kathleen Glynn, Jim Czarnecki, Charles Bishop, Michael Donovan, Charles Bishop
|
|
|
|
|
Michael Moore, Marilyn Manson, George W. Bush, Dick Clark, Charlton Heston
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
 |
Kritik an Informatiounen iwwert de Film:
Et ginn Leit, déi d\'Schold um Columbine-Massaker dem Marilyn Manson ann d\'Schong schieben.
Den Michael Moore geet méi wäit: fir heen ass den Bowling den Grond.
Den Moore huet schon säin ganz eegenen Stil. Ugefaangen huet et mam \'Roger & Me\' (1989), en spéideren nennenswäerten Film war den \'The Big One\' (1997).
Ann allebéid verfollegt den Moore sénger kongenialer Pseudo-Documentaire-Art säin Ziel.
Dëst Joer war dann den \'Bowling for Columbine\' do, deen fir d\'éischt emol kräfteg zu Cannes oofgeraumt huet. Deen éischten Documentaire deen ugeholl gouff seit 46 Joer - ann schon gëwënnt en den \"55th Anniversary Prize\", deen speziell fir dësen Film creéiert gouff.
Dat laangt waarden op dem Moore säin établéiertsten Projet huets séch defninitv gelount.
Alleng d\'Iddi léisst schon ophéieren: Firwat läit ann den USA d\'Doudeszuel duerch Schosswaffen méi héich ewéi soss niergends op der Welt? Firwat hunn grad d\'Amerikaner esou een Faible fir Waffen ann géint ween oder waat geet et hei eigentlech? - Genee dat richtegt fir den Michael Moore.
Wann och emmer eng méi oder manner liicht Kritik un séngem Heemechtsland duerchblécke gelooss huet: Hei spëtzt d\'Laag sech definitiv zou. Ann ganz zum Schluss kann hien souguer matt enger \'Äntwert\' opwaarden...
Den \'Bowling for Columbine\' ass, wéi schon erwähnt, ann Documentaire-Form gedréit.? \'Documentaire\'...Objektivitéit ann langweileg Seriösitéit? Op kee Fall - den Michael Moore zielt dohin wou et wéi deet.
Den gréissten Verdéngscht vum Moore besteht doranner, déi richteg froen zum richtegen Zäitpunkt ze stellen. Déi richteg Froen, däer hier Äntwerten hien oft onkommentéiert op den Zuschauer wierken léisst ann esou genee erreecht waat hien gären hätt.
Su ganz niewebäi mecht den Moore awer nach vill méi - beispillsweis d\'sozial Ëmstänn an Amerika bleiwen och net onbetruecht. Oft gräift den Moore mat Iwwerdreiwung an satireschen Elementer op d\'Taatsaachen zeréck. D\'Meenungen ginn auserneen op dat deen richtege Wee ass fir un d\'Thema erunzegoen. Verharmloust d\'Präsentatioun d\'Problemer? Anerersäits gräift hien op desem Wee och Thema\'en un, fir déi een sech ennert aneren Ëmstänn guer net esou interesséiere géiff...?
Well wat den Film méi laang gett, wat en och lues ann lues, mä steteg ann onennerbrach méi serriö gett. Ann su muenchem wäert d\'Laachen nach am Hals stieche bleiwen. Ann besonnesch zum Schluss hin mécht eng bedréckend Atmosphär sech breed - d\'Schlussszen beim Charlton Heston, déi Iddi déi engem Member vun hierer Equipe ganz spontan während dem Dréih um Wee fir op den Flughafen komm ass, sprécht souwisou ganz fir séch.
HUET den film dann elo eng Äntwert op all déi gestallten Froen, oder wäicht den Moore hinnen nemmen weider aus? Zum Deel jo, zum Deel neen. Well ass heiansdo d\'Fro awer net méi wichteg wéi d\'Äntwert u séch? Vläicht wellt den Film ons och nemme weisen dass all Erklärungsusaatz zu näischt bréngt ann keen Sënn huet?
Tatsächlech, den Moore mengt awer op d\'Haaptfro eng Äntwert fonnt ze hunn - gläichzäiteg mécht heen awer kloer, dass heen net mengt, alles opgedeckt ze hunn.
Dofier ginn et der elo sécherlech dei soen dass den Moore net genuch un d\'Thema erun geet ann esou \'näischt Halwes ann näischt Ganzes\' oofliwwert. Mä alleng séng Unnäherung un den \'fatalen\' Bowling weist dach awer dass een dat net esou kann soen...
\'Bowling for Columbine\' waat ee Film. Muencher een wäerd a verschiddenen Hinsiichten \'changéiert\' aus dem Sall goen ann matt aneren Aen op di komesch Ami\'en kucken.
Ee perséinlechen Highlight dëst Joer - ween dëse Film net gesinn huet ass selwer schold. 5/5 + 1 Loftball gratis - wéinst der Originalitéit.
|
|
|
|
|
|
 |
 |
|
|
Thriller / Suspense / Horror
|
|
 |
|
|
|
|
|
|
Dino de Laurentiis, Martha de Laurentiis
|
|
|
|
|
Anthony Hopkins, Edward Norton, Ralph Fiennes, Philip Seymour Hoffman
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
 |
Kritik an Informatiounen iwwert de Film:
Hien ass den Draach, hien ass krank, an en gett emmer an éiweg vun senger Vergangenheet gejoot, déi hien zu engem Denger vum Rouden Draach verdammt huet, eng Kraaft vun engem Mythos déi en starken Afloss op seng Gedanken an seng Gefiller huet andeem hien horribel Opfer brengen muss. Als remake vun dem Michael Mann sengem \'Manhunter\' ass den \'Red Dragon\' och den Prequel zum Hitfilm \'Silence of the Lambs\' an \'Hannibal\'. Matt der Hellef vum Hannibal Cannibal Lector gett den Ex-Detektiv Will Graham zereck an seng Arbech geruff fier deen Mensch ze fannen, deen einfach ronderem ganz Famillen masserkréiert and embrengt. An ett klappt! \'Red Dragon\' huet en genialen Screenplay an eng remarkabel an klever Geschicht matt e puer ganz knifflech Deeler. An och wann d\'Karakterenzimlech iwwerdriwen schengen, huet dem Rattner sain psychologeschen Thriller fill scary Momenter an Passagen matt fill Spannung an e puer ganz interessant and konfus Fakten. Den reizvollen Filmverlaaf ass zimlech speziell: en geet an vill Detailer an baut eng super Spannung matt fillen onsecheren Zeechen an ganz gudd opgebautenen Szenen op. Sou krit der eng Vue an daat matt deem alles ugefang huet; e puer Ännerungen zum \'Manhunter\' an engem zimlech iwweraschenden Schluss. Elo oofgesin vun der vibranter an graiffender Ennerhaalung, passt op deen genialen Cast op. Matt dobai sin den super Edward Norton (The Score), en topfitten Ralph Fiennes (Spider), en mellen Anthony Hopkins (Hannibal), mee och d\'Emily Watson and natirlech den Phillip Seymour Hoffman, deen hei eng kleng Roll als sturen Journalist huet. Déi spezifesch Karakteren vun der Geschicht aus hier gesin klappen an iwerzeegen. d\'Ennerhaalung ass spannend an graifend, an d\'Schauspiller sin top! Nierwt den villen intelligenten an speziellen Dialogen am Film, kann een och iwerascht iwert d\'Regie vum Brett Ratner (Rush Hour) sin. Den \'Red Dragon\' ass en kleveren Thriller deen ganz wichteg ass fir d\'Hannibal Saga oofzeschleissen!
|
|
|
|
|
<< The Bourne Identity >>
|
     |
|
 |
 |
|
|
 |
|
|
|
|
|
|
Doug Liman, Patrick Crowley, Richard N. Gladstein
|
|
|
|
|
Matt Damon, Franka Potente, Chris Cooper, Clive Owen
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
 |
Kritik an Informatiounen iwwert de Film:
Hien huet seng Identitéit fir säin Land verluer, an elo ass säin Land hannert him hier. Ob der ett gleewt oder nett: Ett ass Amerika géint an Amerikaner; ett ass eng ganz Natioun géint een eenzelnen Mann. Säin Numm ass Jason Bourne, säin Film heescht \"The Bourne Identity\", en éischt klasseschen an iwerdriwenen Action-Thriller an deem en Agent hannert senger Identitét hierrennt an sech vun sengem Land verstopt. Matt enger gudd ausgebautener an spannender Geschicht ass den \"Bourne Identity\" eng 113 Minutten Top-Ennerhaalung matt engem emmer wiesslenden Filmverlaaf matt immens fill Action, mell Verfolgungsjagten an haarden Explosiounen. D\'Struktur vum Film ass klever an kreativ, néi Ideen tauchen permanent op an eng emmer präsent Onsecherheet iwert daat waat elo als next geschitt deiten op eng graifend Spannung hin. Nierwt den attraktiven Spezial-Effekter an e puer fantasteschen Stunts, ass een vun dem gudden Screenplay an der super Musek (John Powell)ganz positiv iwerrascht. Waat den Casting ugeet ass ett den staarken Matt Damon deen mam sexy Franka Potente en super Team bilt. Sie passen wonnerbar beieneen an brengen exellent Leeschtungen vun sech; mei gett ett doriwer nett ze soen. \"The Bourne Identity\" maach extrem iwerdriwen sin, mee en iwerrascht matt enger vibranter Geschicht an enger exellenter Ennerhaalung. En Action-Hit deen iech platt dreckt...
|
|
|
|
|
|
 |
 |
|
|
 |
|
|
|
|
|
|
|
|
|
Adrien Brody, Thomas Kretschmann, Emilia Fox, Ed Stoppard
|
|
|
|
|
Polen / Frankraich / Daitschland
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
 |
Kritik an Informatiounen iwwert de Film:
Den zweeten Weltkrich war horribel an tragesch: déi stärksten Weltmuechten sin géint déi Schwächst gaang, aanerer hun gehollef an eng immens grouss Zuel vun onschellegen Léit hun hiert Liewen an den schlemmsten Schlachten verluer. Baséiert op d\'Buch vum Wladyslaw Szpilman, huet d\'Legend Roman Polanksi den Pianist gemaach, eng dramatesch, richteg Geschicht iwert d\'1939 Varsovie Attack vum Hitler, an iwert en jüdeschen genialen Pianist, deen, nodeem en d\'Flucht aus der daitscher Gewalt iwerlieft huet, sech an dem räichen Deel vun der polnescher Staat verstoppt hält. Interessant Thematiken an enger horribel Wourecht: kuerz gesoot: \"The Pianist\" ass en Wonner vun engem Film. Déi 150 Minutten gin em wéi naischt, an den Zuschauer get an den Film erangezun vun där éischter Szeen bis daat lescht Wuert aus den End Credits. D\'Struktur an den Screenplay sin perfekt an genial, an deen emmer oofwiesselnden, ganz kreativen and extrem realisteschen Filmverlaaf kreéiert op där enger Säit eng staark Spannung, an op där aanerer Säit verschidden ganz haart an gewaltäteg Szeenen, déi duerch déi schlemm Realitéit vum Krich an déi horribel Biller vun den kaalen an skrupeloosen daitschen Offizéier higeriichten Menschen karakteriséiert gin. Déi exellent an graifend Ennerhaalung, den immensen Set, déi erstaunlech Effekter an déi perfekt Musek, maachen \"The Pianist\" eng unique Experienz iwert sechs geféierlech Joer an engem Liewen vun engem jonken Museker, den matt senger Musek an Roserei neien Courage and Kraaft gewennt fir weider fir seng Fräiheet an sain Fridden ze kämpfen. En aaneren exellenten Aspekt vum Pianist sin d\'schauspillerech Leeschtungen. Ett kritt een baal nie d\'Geleegenheet fir sou brillant Schauspiller zesummen an sou verschiddenen Rollen ze gesinn; hier Rollen sin depressiv, immens no un der Realitéit an voll Gefiller, Misär and Leift. \"The Pianist\" ass en ganz groussen an wichtegen Film, deen beweecht, wéideet an stéiert; e Film deen een zum Denken brengt an fir emmer am Kapp setzen bleiwt. Super Film matt enger extrem genialer Musek. Enn vun dem Polanski sengen Beschten...
|
|
|
|
|
|
 |
 |
|
|
 |
|
|
|
|
|
|
|
|
|
Al Pacino, Winona Ryder, Rachel Roberts (II), Rebecca Romijn-Stamos
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
 |
Kritik an Informatiounen iwwert de Film:
Ween ass eigentlech d\'Simone? An wou ass ett firunallem? Eppes ass elo schons secher, d\'Simone ass eng wonnerschein Erfindung prett fir d\'Welt op den Kapp ze dréien. Mee ass daat dann elo eppes positives? Dem Andrew Nicool seng néisten Komedie ass ob daer enger Säit en Homage op déi aktuel Schauspiller Kommunitéit and där hieren Erfolleg an op där aanerer Säit hellt den Film déi virtuel an digital Welt an Zukunft op d\'Schlapp: Witzer iwer d\'Press and den Geck maachen iwert déi milliounen an milliounen op desem Planéit déi, matt fill Gier, alles gengen maachen fir no béi hierem bekanntesten $$$tar ze sin. Mee vun all deem oofgesin, ass S1M0NE eigentlech naischt néies; d\'Geschicht ass léif opgebaut, den Fimverlaaf enthält en zwar charmanten awer trotzdem nemmen ausreechenden Humor deen iech duerchaus zum schmunzelen brengt, nett awer zum Futtilaachen; haaptsecherlech well den ganzen Film e wéineg iwwerdriwn schéngt matt e puer intelligenten Momenter an awer och nett sou realistesch an zeiend Passagen. Watt d\'Structur an den Screenplay ugeet gidd der matt flotten Effekter, en passenden Soundtrack an en impressionanten Set verwinnt. Gudd och ass ett den Al Pacino rem um groussen Ecran ze gesin, deen zimlech als sturen an iwerzeegtenen Regisseur iwerzeegt, an desst och als Papp vun engem héich intelligenten Meedchen an och als Ex-Mann vun enger Studiomanagerin, déi am Ufank nemmen probéiert eng gudd Aarbecht ze maan, spéider awer agesäit, waat se wirklech maachen muss fir daat ze kreien waat se well. So do sin mer elo also, matt der Nervensee S1M0NE, en film matt interessanten Themaen, eng ausreechend Ennerhaalung an konsiderable Akteuren. Trotzdem, en aaner Erfreschun fir den Schluss vun desem Summer...
|
|
|
|
|
|
 |
 |
|
|
 |
|
|
|
|
|
|
M. Night Shyamalan, Frank Marshall
|
|
|
|
|
Mel Gibson, Joaquin Phoenix, Cherry Jones, Rory Culkin
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
 |
Kritik an Informatiounen iwwert de Film:
Mysteriéis Zeechen an den Kornfelder - Sie tauchen schon seit Jooren op, an bis elo huet nach keen se richteg bemierkt, bis frun kuerzem den M. Night Shyamalan dohier komm ass, an en Message an hinnen entdeckt huet. Den 2ten August 2002 as ett passéiert, an säin néien iwernatirlechen Thriller huet sech un déi amerikanesch Kinoen gemaach. An eppes ass secher, den Här Shymalan wees wéi eng imens gudd Spannung opbaut déi een aus dem Stull rappt an direkt an d\'Szenen zitt. En huet hei en properen Skript, huet en klever an Biller emgesaat an iwerrascht jiddereen matt senger Visioun an Gedanken iwert Ausserirdescher. Signs ass en donkelen mystery Film matt enger graifender Geschicht, extrem spannend an neel-baißenden Momenter, enger akzeptabler Developéierung vun den haapt Ideen an engem zimlech wiesselenden Filmverlaaf matt souguer engem reizenden Humor an klever Dialogen. D\'Struktur ass nett schlecht, den Screenplay ganz speziell an déi kalm Atmosphär preparéiert op vill roueg, donkel an erschreckend Momenter. Mee firwaat déi einfach alien Erklärung an Interpretatioun? Signs ass ganz kloer en Film iwert der Iwerdreiwungslimit, an matt enger exellenter Ennerhaalung ass ett en Film deen unzitt. Den Mel Gibson sprengt an d\'Roll vum Graham Hess, ex-Pater, deen seng Fraa verleiert huet an elo matt sengem Medien-süchtegen Bruder an sengen zwee intelligenten Kanner, fir déi hien alles gleewen geng, zesummen liewt. Den M.Night Shyamalan weist sou dass d\'Welt dach ganz falsch kann iwert d\'Aliens an d\'Froo vun hierer Existenz jugéieren; an hien illustréiert ett matt enger graifender Ennerhaalung an ganz gudd Akteuren. Signs, en eischt-klasseschen mystery Hell-Raiser matt souguer engem ongeleisten Deel.
|
|
|
|
|
|
 |
 |
|
|
 |
|
|
|
|
|
|
David Brown, Richard D Zanuck, Dean Zanuck
|
|
|
|
|
Tom Hanks, Jude Law, Paul Newman, Jennifer Jason Leigh, Alfred Molina
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
 |
Kritik an Informatiounen iwwert de Film:
Den laang erwaarten Sam Mendes Film ass endlech do! Amerikanesch Zeitungen and Kino-magazinen nennen ett en Mirakel, aanerer soen ett waer den beschten Film vum Joer, an erem aanerer jaitzen schon Oscaren! Bon, sie hun all recht, an Road to Perdition ass wirklech en Mirakel. Den Mendes mecht hei en Film iwert en Killer mam Numm Mike Sullivan, stolzen Papp, deen senger Gefiller verstoppt, an geschwenn zum engem geféierlechen Opfer gett, op der Flucht no Revange. Dess Geschicht, welch em 1931 passéiert, ass zu engem Film gemaach gin matt immens fill Aarbecht, Prezisioun an Gefiller, dass d\'Resultat, en spannenden and oofwiesselenden Filmverlaaf ass, deen iech aus dem Setz raisst, an direkt op d\'Road to Perdition zitt. De ganzen Set ass impressionant, propper and exakt, d\'Struktur enthält kloer and reizvoll Elementer matt enger ausbriechender Spannung déi ganzer secher nett verschwennt, éier d\'End Credits laanscht sin. An dann ass do och nach déi donkel Atmosfär, déi zesummen matt der spezieller Beliichtung an dem Screenplay eng ultimativ Film-Experience vun 120 Minutten kreéiert. Duech den Haapt-Akteur Tom Hanks, erschengt alles dann nach vill méi réel. Hien huet emmer deen passenden Gesiichtsausdrock, bleiwt roueg, an iwerzeegt an allen Hinsiichten als forcéierten an hanergaangenen Killer matt dach engem gudden Herz, waat seng Famill an sain Stolz ugeet. Dobai kommen dann och dei genial Leeschtungen vum Paul Newman an Jude Law, déi hei allen béid en gemengen, herz-loosen an komplizéierten Karakter presentéiren. D\'Waarden huet sech gelount, an Road to Perdition ass en ergraifenden Film matt extrem passionéierter Ennerhaalung, fill dramateschen Momenter, enger imenser Spannung an exellenten Schauspiller déi hiert Kennen wirklech beweisen! Kloer, den Film-Hit 2002. Exellent an passionant!
|
|
|
|
|
<< K-19: The Widowmaker >>
|
     |
|
 |
 |
|
|
Drama / Thriller / Action
|
|
 |
|
|
|
|
|
|
Joni Sighvatsson, Christine Whitaker, Kathryn Bigelow
|
|
|
|
|
Harrison Ford, Liam Neeson, Joss Ackland, J.J. Field, Lex Shrapnel
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
 |
Kritik an Informatiounen iwwert de Film:
Den U-571 war deen leschten zimlech enttäuschenden Film iwert U-Booter an grousser Gefoor. And hei kennt dann den \"K-19: The Widowmaker\", eng richteg Geschicht iwert en Unterseeboot matt engem schwéiren Start - an Enn. Waat den Koncept vum Film ubelaangt, ass ett interessant, en amerikaneschen Film ze gesin deen am groussem ganzen iwert déi sowiétesch Unioun an eng missioun am Atlantik handelt. And trotzdem ass desst nach onoriginell and zimlech einfach duergestallt. Kuerz gesoot: Wann den K-19 nett ob echt Eventer baséiert wär, dann keinten d\'Geschicht an den Filmverlaaf als onkreativ an denn konsideréiert gin. Mee oofgesin dovun, muss gesoot gin dass den Film zimlech limitéiert an der Iwerdriwung ass - een positiven Punkt also. Dobai kennt dass d\'Spezial-Effekter an och d\'Struktur attraktiv and flott sin; an nett sou wéi den Harrison Ford, deen en horribelen russeschen Accent huet. En huet ganz secher deen richteg haarden an seriösen Bleck an sengen Aaen fir an esou en Karakter ze sprangen, mee daat mecht en doduech nach emmer nett zu engem gudden Russ. Fazit ass dass den K-19, trotz senger Spannung an op där aanerer Sait senger simpler Geschicht, en Film ass matt ausreechender Ennerhaalung an och befriedegend schauspillerechen Leeschtungen.
|
|
|
|
|
|
 |
 |
|
|
 |
|
|
|
|
|
|
Jerry Zucker, Janet Zucker
|
|
|
|
|
Whoopi Goldberg, John Cleese, Cuba Gooding Jr, Rowan Atkinson, Jon Lovitz
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
 |
Kritik an Informatiounen iwwert de Film:
Den Jerry Zucker (Naked Gun) huet erëm zougeschloen ann säi Wierk ass endlech op der Läinwand ze bewonneren. Nodeems een an leschter Zäit Ähnleches net méi su oft zu Gesiicht kruut - hei nees eng Comédie, bei däer een sech zeréckleen ann amuséieren kann - vierausgesaat et fënnt een Gefaalen un däer iwwerdriwwener Handlung an dem eegesënnegen, typeschen Zucker-Humouer. Den \"Rat Race\" ass also en harmlosen Film matt ganz zefriddestellenden Schauspiller (wéini gesäit een dann schon den Rowan \"Mr. Bean\" Aktinson, Whoopi Goldberg, John Cleese, Cuba Gooding Junior ann den Jon Lovitz (Little Nicky, High School High) zesummen op der Läinwand?), déi all gudd gewielt sinn, ann hier Roll passen ann erëmginn waat vun hinnen verlaangt gëtt. Ween d\'Synopsis liest deen wees genee wéi et am Film zougeet an waat em beviersteht - ann och ween bei sou muenchem Witzchen einfach nemmen d\'Aen zum Himmel rullt - en liicht Schmunzelen bleiwt sou gudd wi ëmmer zeréck. Ee Film deen genee zur richteger Zäit lancéiert gouff, ann vill Unhänger fannen wäert. Flott wann een (alleng oder ann der Grupp) einfach nëmmen Spaß wëll hunn.
|
|
|
|
|
|
 |
 |
|
|
 |
|
|
|
|
|
|
|
|
|
Cameron Diaz, Christina Applegate, Thomas Jane, Selma Blair
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
 |
Kritik an Informatiounen iwwert de Film:
Eng Komedie mam scheinen Cameron Diaz, mam sexy Christina Applegate an mam attraktiven Selma Blair gett emool eng gudd eischt Impressioun. An waat kann daat fir en falschen Gedanken sin! Wieder wei \"absurd\" oder \"geschmacklos\" kennen bei desem Film am beschten gebraucht gin wann een sech en mool genau ukuckt. D\'Geschicht, dei hei drem geet den Mister Right ze sichen gett an engem schnellen, einfachen an langweilechen Wee presenteiert, ett muss een sech duech en onkreativen Filmverlaaf erduechkaempfen deen gefellt ass matt bloeden Dialoguen an Musikstecker an Lidder iwert wou dem Mann sain bescht Steck elo eranpasst an wou nett. D\'Ideen erleschen ganz schnell, an den schwarzen Humor; falls een ett Humor kann nennen, ass wirklech onakzeptabel: am groussen ganzen huet den Sweetest Thing also keen een \"seissen\" Moment. Sou ass ett och richteg schued dass dess Aktrissen mussen an Karateren vun drai sex-suechtegen, dommen an kitschegen Meedercher sprangen. Mam Sweetest Thing probeiert den Regisseur Roger Kumble ze weisen, dass och Fraaen dei d\'Maenner nemmen fir den \"Fun\" benotzen, engesdaags sech schnell kennen verleiwen. Leider ass em daat komplett messlongen. Schued!
|
|
|
|
|
|
 |
 |
|
|
Action / Thriller / Drama
|
|
 |
|
|
|
|
|
|
Simon Arnal-Szlovak, Carole Scotta
|
|
|
|
|
Jean-Marc Barr, Alexandra Negrao, Asia Argento, Frances Barber
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
 |
Kritik an Informatiounen iwwert de Film:
Ett ass eigentlech ganz interessant eng Franseich Produktioun an enger englescher Versioun kucken ze goen. An wann dann nach d\'Accenen gingen stemmen, keint desst duerchaus dei franseich filmindustrie erweiteren. Mee elo an engem positiven oder eischter negativen Senn? Am groussen ganzen ass d\' Geschicht vun RED SIREN interessant, richteg klever an och gudd developeiert, eischtens weinst der reizender Struktur an zweetens weinst dem kaoteschen an hekteschen Screenplay. Nirwend deenen zuelraichen, genialen an gudd opgebauten Action-Passagen an haarden Waffenkampfszenen ass den Red Siren en Film, deen d\'Audience am Kinosall matt senger neel-baissender an donkler Spannung richteg an den Film eranzitt. D\'Idee an dei generell Geschicht sin, obwuel total iwerdriwen, zimlech kreativ an knefflech well den ganzen Film eng Art Puzzle vun verschiddenen Karakteren duerstellt dei nett secher sin waat se maan an dei nett secher sin waat waert gescheien. Am Zentrum steet en jonkt Meedchen, daat schnell an en gefeierlecht Netz zweschent Optragskiller, eng sadistesch Mamm, eng waarm-haerzeg Polizistin an en professionellen Ex-Killer, deen nett fill ze everleieren huet, erangezun. Waerend deenen also zwou flotten an haarden Stonnen vum Film, briechen dei kaotesch Konnexiounen dann lueserlues auserneen an feieren schlussendlech zum richtegen Schicksal vun desem Meedchen. Haaptakteur ass den Jean-Marc Barr (Too much Flesh), deen hei eng staark an iwwerzeegend Leeschtung brengt, genau sou wei seng Kollegen Alexandra Negrao an Asia Argento, dei, nirwt hierem zwar nett sou gudden Englesch-Accent, sech awer total op hier Roll konzentreiren. Red Siren ass en action-geluedenen Film deen een am Kapp behaellt, en huet eng gudd Spannung, eng klever Struktur and konsiderabel Acteuren. Flait e bessen fill iwert dem Realiteitsniveau...
|
|
|
|
|
|
 |
 |
|
|
Komedie / Romantik / Drama
|
|
 |
|
|
|
|
|
|
Jane Rosenthal, Eric Fellner, Tim Bevan, Robert De Niro
|
|
|
|
|
Hugh Grant, Rachel Weisz, Toni Collette, Nicholas Hoult
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
 |
Kritik an Informatiounen iwwert de Film:
Matt nett vill Publicity an nett fill Budget ass den \"About a Boy\" voll matt Surprisen! Fir all d\'Männer dobaussen: Stellt iech fiir dir waert een deen déi meeschten Zäit géng firun der Telé hänken an iwwerdeems driwwer nodenken ob en elo eng Insel ass oder nett. Bessen komesch mengt der elo? Mee nee, \"About a Boy\" beweist an illustréiert ett op eng wonnerbar Mannéier. Eng originell Idee, eng interessant an developpéiert Geschicht an en extrem ennerhaalenden an leschtegen Filmverlaaf maachen desen Film zum engem Hit. Den Humor an den Witz sin proper an passend, verschidden Dialoguen sin einfach extrem wonnerbar and d\'Kreativitéit ass onlimitéiert. Applaus och fir den Här Grant, deen no senger genialer Roll am \"Bridget Jones\'s Diary\" erem emool seng Exellence an Saachen Komedie matt engem witzegen an properen Accent and flotten Grimassen beweist. Sou eng Frennschaft teschent engem Mann an engem Jong kann schons ganz interessant sin, also fannt ett eraus am \"About a boy\", eng Komedie matt exellenter Ennerhaalung an exellenten Schauspiller. Extrem flott an speziell witzeg.
|
|
|
|
|
|
 |
 |
|
|
 |
|
|
|
|
|
|
Arnon Milchan, Janet Yang
|
|
|
|
|
Ashley Judd, Morgan Freeman, Amanda Peet, Adam Scott
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
 |
Kritik an Informatiounen iwwert de Film:
Ett ass nett sou dass den Schluss vum High Crimes haett missen gudd sin, mee ett as eischter sou dass den Schluss vum High Crimes haett kennten gudd sin - an, wei souwisou meeschtens handelt sech erem em en typesch americaneschen \"Sonn-gei-op\" Schluss vun enger, dach awer gudd struktureierter and graifender Geschicht. An daat ass nach nett alles, well den richtegen Problem vum High Crimes geet schon besser eischter un. Am groussen ganzen ass ett en Film matt enger knifflecher Geschicht iwert eng klever Usteftung an iwert eng grouss Militaer-Korruptioun. Den Gebrauch vun engem Justitz-Skandal, Erpressung an Hannergaengnis deiten all eng gudd graifend Spannung un, dei sech dann och duech d\'Struktur an den Filmverlaaf entweckelt - eng nett langweileg Atmosphaer matt engem interessanten Fall sin d\'Resultat dovun. Mee (an ett gett en groussen MEE), ett handelt sech nett em en Drama matt engem intelligenten and passenden Schluss. Sou wei d\'Geschicht zum Enn kennt, wiesselt se vun engem packenden Drama riwer zu engem baal action-geluedenem Thriller matt enger iwwerdriwener an onrealistescher Wandlung. Desat gett awer gottseidank ausgeglach matt dem Fait dass am Film, d\'Amerikaner sech selwer accuseiren andeem se hieren Militaer kritiseiren an geint en gin... Den James Caviezel, deen d\'ugeklotenen Opfer spillt, gett hei ennerstezt vun engem genialen Morgan Freeman an engem serioen an haarden Ashley Judd. Hatt spillt den sturenen Topaffekot, woubai den Morgan d\'Roll vum eischter relaxen Affekot matt daer laengerer Erfahrung - keint ett do wuel en bessert Team gin? Hier schauspillerech Leeschtungen sin konsiderabel; an grouss gesin, ass den High Crimes; trotz sengem Schluss, en interessanten Film matt attraktiver Ennerhaalung.
|
|
|
|
|
<< Peter Pan 2: Return to Neverland >>
|
    |
|
 |
 |
|
|
Kids / Family / Adventure
|
|
 |
|
|
|
Robin Budd, Donovan Cook, Ian Harrowell
|
|
|
|
|
Chris Chase, Michelle Pappalardo-Robinson, Dan Rounds
|
|
|
|
|
Stemmen vum Harriet Owen, Blayne Weaver, Corey Burton, Jeff Bennett, Kath Soucie
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
 |
Kritik an Informatiounen iwwert de Film:
Ett ass schon zimlech iwerraschend dass Walt Disney en Sequel zu enger vun deenen gréissten an bekanntesten Geschichten op d\'Leinwand brengt: den Peter Pan (D\'Sequels zu Aladdin, Pocahontas an Tarzan sin uniquement op DVD oder Video op den Maart bruecht gin). Wann een elo deen ganzen Opbau an och d\'Technik an déi ganz Animatioun kuckt, dann kennt een op d\'Schlussfolgerung kommen dass desen Film nett richteg hätt missten sin. Kloer fannen déi méi jonk Kinofans den Film amusant an leschteg, mee \"Return to Neverland\" kennt nett richteg matt sengem Filmverlaaf an matt senger Struktur duerch. Trotzdem bleiwt ze soen dass d\'Musek exellent bleiwt an den globalen Koncept vum Peter Pan 2 nett alt ze schlecht ass. Den groussen Problem ass dass Walt Disney fir den Peter Pan keng néi an interessant Ideen bruecht huet, fir en Klassiker draus ze maan...
|
|
|
|
|
|
 |
 |
|
|
 |
|
|
|
|
|
|
|
|
|
Chris Rock, Anthony Hopkins, Gabriel Macht, John Slattery
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
 |
Kritik an Informatiounen iwwert de Film:
Wann een eng Katastrof vun jonken an aarmen Tickeeverkeefer an een arroganten, coolen top CIA Agent zesummen setzt; dann krit een Problemer. Mee nett onbedengt horribel schlecht Problemer. Den Bad Company zum Beispill illustréiert sou eng Unioun an engem faarwechen an witzegen Wee. Matt der Regie vum Joel Schumacher (Batman Forever) and produzéiert vum Jerry Bruckheimer (Con Air) ass den Bad Company eng gelueden Action-Komedie iwwert d\'Schicksal vun engem jonken Mann, deen no enger geféierlecher an geheimer Missioun seng Dreem realiséiren kann. Mee lo oofgesin vun deem traditionel americaneschen an einfachen Happy-Ending, ass den Verlaaf vum Film guer nett esou schlecht: och wann déi Mafia Geschicht héich iwwerdriwen an onrealistesch ass, huet d\'Schumacher-Bruckheimer team ett awer färdeg bruecht eng attraktiv Action-Ennerhaalung matt kreativen Ideen an eng speziell an positiv Spannung (flotten Soundtrack inklusiv) vun Feier-Explosiounen an Schéissmomeneter ze kreéiren. Den Anthony Hopkins an den Chris Rock sin d\'Haaptakteuren, an eppes ass secher, sie enttäuschen op keen Fall. Den Hopkins bleiwt also den haarden an coolen wärenddeem den Rock explodéiert and total nervös gett. Bad Company ass en Film matt attraktiver Ennerhaalung an Konsiderabelen Acteuren.
|
|
|
|
|
|
 |
 |
|
|
Drama / Thriller / Suspense
|
|
 |
|
|
|
|
|
|
Adam Fields, Nancy Juvonen, Sean McKittrick
|
|
|
|
|
Jake Gyllenhaal, Jena Malone, Drew Barrymore, Mary McDonnell
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
 |
Kritik an Informatiounen iwwert de Film:
Hien féiert en donkelt Liewen, sain Verstand gett vun Daag zu Daag méi donkel, an hien ass um Punkt daat donkelst Geheimnis vun der Natur, Psycho an Imaginatioun ze entdecken. Donnie Darko ass sain Numm an en gett gefouert vum Regisseur Richard Kelly, deen matt desem schizophreen mystery-drama eng packend Geschicht presentéiert iwwert d\'Philosophy vum Zäit-Reesen, d\'Enn vun der Welt and iwwert en Karakter, deen metten am Centrum vun all desem supernaturellem Fatum steet. Zu desem kennt dobai dass Jiddereen, deen aus dem Film erausgeet sech sain eegenen Schluss an seng eegen Interpretatioun kann opbauen, well den Donnie Darko huet en Komplexen Verlaaf deen d\'Audienz awer ganz secher emschléisst an spéider denkend an an irenged engem Senn gestéiert zereck léisst. Dobai kennt dann déi unglaublech Leeschtung vum Jake Gyllenhal, deen einfach genial an senger Roll vum Donnie ass. Och matt dobai sinn Drew Barrymore (Riding in Cars with Boys), Jena Malone (LIfe as a House), Patrick Swayze (Green Dragon) an den Noah Whyle (Emergency Room Serien); och och déi spillen all konsiderabel. Donnie Darko, en Smash-Hit deen faszinéiert an een duererneen brengt.
|
|
|
|
|
<< Eight Legged Freaks >>
|
     |
|
 |
 |
|
|
Action / Fantasy / Komedie / Horror
|
|
 |
|
|
|
|
|
|
Bruce Berman, Dean Devlin, Roland Emmerich
|
|
|
|
|
David Arquette, Kari Wuhrer, Scarlett Johansson, Matt Czuchry
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
 |
Kritik an Informatiounen iwwert de Film:
Obwuel den Spider-man jo eigentlech en ganz feinen ass, kennen seng noosten Frenn, d\'Spannen ganz béis and geféierlech fir d\'menschlech Societéit ginn. Eight Legged Freaks (Original Titel war: Arac Attack) ass en Mix aus denner Horror-Action an engem satireschen Humor matt enger zimlech einfacherer Geschicht: mutéiert Spannen déi en klengt Duerf ugraifen. Leider sinn, wéi eigentlech emmer, an deenen zwee verschiddenen Traileren schon déi bescht Szenen gewisen gin, déi desen B-Film, produzéiert vum Independence Regisseur Roland Emmerich, ze bidden huet. Mee firwaat muss daat ganzt esou surnaturel sin? Wann een en richteg haarden Spannenfilm gemaach haett waer jo nach richteg spannend an ok gewircht mee ett därmossen ze ridiculiséiren? And daat ass och den Fehler: Eight Legged Freaks ass nett sou kreativ wéi een sech ett erwaart hätt. Einfach Action, nett grad intelligent an satiriesch Witzer and en Filmverlaaf deen d\'Audience nett wirklech matt sech rappt. Op där aanerer Sait krit een awer en schéint special-effects Spektakel presentéiert, waat d\'gesamt Ennerhaalung op engem ausreechenden Niveau hält. Trotzdem sin keng grouss Thematiken präsent. And dann bleiwt nach den David Arquette, deen e weineg enttäuscht als verluerenen Duerf-Jong deen just zereckkéiert fir vun mutéierten Spannen genervt ze ginn. Gesamt gesinn also, ass den Eight Legged Freaks en Film matt ausreechender Ennerhaalung an Acteuren.
|
|
|
|
|
|
 |
 |
|
|
Action / Krich / Spannung
|
|
 |
|
|
|
|
|
|
John Woo, Terence Chang, Tracie Graham
|
|
|
|
|
Nicolas Cage, Adam Beach, Christian Slater, Noah Emmerich
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
14 Joer wéinst Krich-Gewalt an Brutalitéit
|
|
 |
Kritik an Informatiounen iwwert de Film:
Den Visionär John Woo ass rem do, an dess Kéier e bessen aanescht, an hien wellt lo och seng Erfahrung am Krich-Genre fannen, an daat ganzt matt kengem sou schlechten Resultat fir den Ufank. D\'Geschicht vun Windtalkers ass aanescht and speziell, well dess Kéier ass ett den eigentlechen Held, gespillt vum Nicolas Cage, deen en aaneren (loossen mer en zweeten Held nennnen) beschützen muss and ausserdeem, brengt desst och direkt eng gudd Spannung matt sech. An Succès! Den Woo benotzt hei ganz gudd Efekter, and och en zimlech gudden Opbau, welch den Windtalkers zu engem ok-Krichfilm matt enger attraktiver Ennerhaalung, engem Filmverlaaf matt Spannung an matt enger haarder an realler Krich Illustratioun maachen. Waat d\'Schauspiller ungeet, brengt jiddereen eng haart Leeschtung an trotzdem waer ett besser fir den Cage, wann en seng Filmkarrier nett als Soldaat géng weiderféiren. Fir ett ze probéiren ass ganz anderei, mee hien fesselt d\'Audience einfach nett sou wei ett do éischter en Mel Gibson oder en Josh Hartnett maan. Trotzdeem, en Film deen iwwerrascht.
|
|
|
|
|
|
 |
 |
|
|
Famill / Kanner / Animatioun / Action
|
|
 |
|
|
|
|
|
|
|
|
|
Michael J. Fox (speaks Stuart Little), Geena Davis, Hugh Laurie
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
 |
Kritik an Informatiounen iwwert de Film:
Desen Summer geet en Klengen en laagen Wee! Den Stuart Little ass rem do an hien erstaunt déi ganz Little Famill. An desst ass emool en zweeten Deel deen een kann als Triumph bezeechnen: Léift an Frennschaft trieden an dem Stuart sain Liewen, D\'Kemmeren an och d\'Angscht vun enger Mamm em hiert Kand sinn sou illustrért wéi bei engem realen Mensch an d\'Ideen sinn den Kreateuren wirklech nett ausgaangen. Eng aaner Geschicht, en néit Koncept, néi Memberen an der Famill an och en faarwegen Filmverlaaf maachen den Stuart Little zu engem attraktiven Famillienfilm. An do ass natirlech och nach déi originell an kreativ Idee eng kleng Maus an eng normal Famill ze setzen, waat ett duerchaus méi witzeg an zauberech mecht, well ett ass ganz interessant sou en Désir and och Verlaangen no dem \"Erwuessenginn\" héi ze gesinn an ze entdecken. Dozou kennt nach dei super Aarbecht vum Stemmspender Michael J. Fox, deen souguer matt senger Parkinsonerkrankung den Stuart ganz leschteg, seiss an real mecht matt senger piepsecher Stemm. Och Geena Davis presentért sech héi als super-geegent Mamm fier sou eng Famill. Den Stuart Little 2 ass en flotten Film fir déi méi jonk Cinéphilen. Laachen an Ennerhaalung sinn objiddefall garantéiert!
|
|
|
|
|
<< The Sum of all Fears >>
|
    |
|
 |
 |
|
|
 |
|
|
|
|
|
|
|
|
|
Ben Affleck, Morgan Freeman, Bridget Moynahan, Liev Schreiber
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
 |
Kritik an Informatiounen iwwert de Film:
Eigentlech ass ett haut keng Konscht méi en amerikaneschen Film iwert Politik and Krichkorruptioun ze fannen. Ee méi ass den \"Sum of all Fears\", e Film deen kloer an daitlech verschidden brenzlech Probleemer tescht den USA, Russland and der Ukraine illustréiert an weist. Oofgesinn vun der numeréiser amerikanescher Propaganda an vum zimlech iwwerdriwenem Filmverlaaf, ass awer d\'Structur, sou wéi d\'Geschicht zimlech intressant; ett kritt een souguer eng gewessen Spannung an och eng \"thrilling Action\" gebueden. Desen positiven Fait hält den \"Sum of all Fears\" op engem positiven ennerhaalungs Level. Waat d\'Acteuren ungeet, sou ass ett den Ben Affleck deen D\'Chance kritt huet den gudden and och attraktiven Held ze spillen. An awer ass en nett enttäuschent: hien iwwerzeegt matt sengem Film-Karakter an mecht en gudd Team mam Morgan Freeman, deen den haarden an seriösen, nie witzegen awer gerechten Personnage spillt. Matt ener ausreechender Ennerhaalung an konsiderabel schauspillereschen Leeschtungen ass ett awer dowärt den \"Sum of all Fears\" ze gesinn, enneraanerem och weinst sengem intressanten Opbau.
|
|
|
|
|
|
 |
 |
|
|
 |
|
|
|
|
|
|
Bernd Eichinger, Paul Anderson
|
|
|
|
|
Milla Jovovich, Michelle Rodriguez, Eric Mabius, James Purefoy
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
 |
Kritik an Informatiounen iwwert de Film:
No Tomb Raider hei erem eng Konsole-Spill Adaptioun vun engem erfollegräichen Spill. Knapp 17 Milliounen mol sinn d\'Resident Evil-Series bis elo verkaaft ginn, wéi vill hunn d\'Maacher sech druginn fir dem Erfolleg vum Spill gerecht ze ginn? Ann en effet, den Film iwwerrascht als Ëmsetzung, déi een praktesch vun der éischter Minutt un eranzitt ann nët méi erausloossen wëll. E puer gudd placéiert Schockmomenter, grujheleg Zombien ann net zulescht deen passenden ann haarden Soundtrack droen derzou bäi dass den Niveau vun der Ënnerhaalung konstant bleiwt. Fans vum Spill kommen ganz op hier Käschten: sou wäerd een déi periodesch verwendten Sounds aus dem Spill erëmerkennen, ann och eis Kollegen den Licker ann d\'Hënn sinn vertrueden. Kommen mer zum Cast: d\'Milla Jovovich iwwerhëllt wéi keen Zweeten dës Roll: als éischt eng zeréckhaalend ann beobachtend Fra, déi dono d\'Saach alleng ann d\'Hand hëllt. D\'Michelle Rodriguez ass nët manner schlecht gewielt, allerdéngs ass séng Roll als hard women matt coolen Spréch zevill Cliché; an sou engem Film awer vertriedbar. Mir kréien awer net nemmen blanken Horror, mä och eng spannend Hannergrondgeschicht em d\'Vierliewen vun eisen Haaptpersonnagen gebueden, déi bis zur leschter Minutt net ganz évident ass, dann zwar vläicht e bessen vorhersehbar gëtt (een \"dat wosst ech dach vun uffank un\"-effekt) mä trotzdem matt e puer schéinen Wendungen iwwerraschen kann. Resident Evil - eng stilvoll ann würdeg Emsetzung vum Konsolespill, ann gläichzäiteg en Hommage un den George A. Romero ann Kumpanen.
|
|
|
|
|
|
 |
 |
|
|
Comedy / Action / Science Fiction
|
|
 |
|
|
|
|
|
|
Walter F. Parkes & Laurie MacDonald
|
|
|
|
|
Will Smith, Tommy Lee Jones, Lara Flynn Boyle, Johnny Knoxville
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
 |
Kritik an Informatiounen iwwert de Film:
They\'re back in black: Den Agent K. ann den Agent J., déi eis vierun ronn 5 Joer schon matt enger origineller Story ann ëmmer engem coolen Sproch op den Lëpsen begeeschteren konnten. D\'Fortsetzung: méi grouss Waffen, méi een coolen Auto, méi en stylishen Will Smith, en besseren Film ? Tjo, ann do kommen mer awer um Punkt un wou een sech vierun Aën muss haalen dass mer et hei \"nëmmen\" matt enger Fortsetzung ze dinn hunn. Eis Uffankssituatioun ass dann guer net su domm agefädelt: den Agent J. (Will Smith), deen den Agent K. (Tommy Lee Jones) lues ann lues nees muss un säin vergiessent Geheimagenten-Liewen errënneren, wou hien feststellen muss, dass mëttlerweil all 2t Liewewiesen hei guer net vun der Äerd staamt. Wann dës Episod awer eriwwer as, huet den Film net méi ganz vill neies opzeweisen: Dat klassescht Weltretterschema, nemmen dass dat Béist deskéier duerch en sexy Dessous-Model (Lara Flynn Boyle) représentéiert gëtt. Den Will Smith ass awer emmer nees fir e puer Späss gudd, ann sou ass et och déi emmer nach gudd fonktionéieren Kombinatioun Smith/Jones, déi den Film erem ann d\'Luucht hiewt. Weider ass den awer Film matt e puer Witzer duerchzunn, déi een déi eng oder aner Kéier trotzdem zum Schmunzelen bréngen wäerten. MIIB - En Film matt engem coolen Will Smith, deen net ganz unn d\'originellitéit vum éischten Deel erukommen kann, awer iwwerduerchschnëttlësch spaasseg Ennerhaalung fier tëschenduerch bidden kann. Fans vum éischten Deel sollten den Film net verpassen; e bessen méi haat een sech trotzdem erwaard.
|
|
|
|
|
|
 |
 |
|
|
Adventure / Comédie / Animation
|
|
 |
|
|
|
|
|
|
Charles Roven, Richard Suckle
|
|
|
|
|
Freddie Prinze Jr., Sarah Michelle Gellar, Matthew Lillard, Linda Cardellini, Rowan Atkinson
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
 |
Kritik an Informatiounen iwwert de Film:
Deen Film, vun deem ann den USA souvill rieds war, kréien och mir lo endlech ze gesinn. Muencher een, deen déi fréier Comic-Abenteuer vum Scooby Doo op der Telé verfolgt huet, wäert dësen Film net verpassen wëllen. Ann en effet, un séch ass d\'Emsetzung vun der TV-Série nawell gudd gelongen - se enthält souguer deen een oder aneren Insider-Joke. Awer leider gouf den Film inklusiv d\'Handlung fir d\'Leinwand opgeputscht - ann sou bleiwt bei der iwwerdriwwener Geschicht net méi vill vun dem Charme iwwreg, deen d\'Série vermëttlet huet. D\'Animatiounen vum Computer-Scooby sin erstaunlech gudd gelongen. Eis Mystery Inc. probéiert den Zuschauer zum Laachen ze bréngen, wat hinnen och zum Deel geléngt. Jidfereen setzt séng Roll méi oder manner gudd em; den Cast ass gudd gewielt. Trotzdem - den Film bleiwt e wéineg enttäuschend an flaach. Am allgemengen fehlt deen gewëssenen Tick, duerchdeen een den Film e bessen méi laang am Gedichtnis haalen géing.
|
|
|
|
|
<< 40 Days and 40 Nights >>
|
    |
|
 |
 |
|
|
 |
|
|
|
|
|
|
Tim Bevan, Eric Fellner, Michael London
|
|
|
|
|
Josh Hartnett, Shannyn Sossamon, Vinessa Shaw, Monet Mazur
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
 |
Kritik an Informatiounen iwwert de Film:
Wa mer éierlech sinn, dann kléngt 40 Deeg ouni Sex schon wéi eng kleng Eiwegkeet; grad fir eis wéi fir d\'Personnagen am Film, mat deenen den Josh Hartnett et ze dinn huet. Mä deskéier bleiwen mer gottseidank vun engem rengen Teenie-Film verschount. Iwwerhaapt kann een den Film net als \"Teenie-Film\" bezeechnen; och wann et der Geschicht no ganz sou ausgesäit. Hien riicht séch éischter op en e bëssen méi \"erwuessent\" Publikum. Sou sinn awer hei eng Partie frësch Ideen drann, ann sou richteg eeklech geet et eigentlech och nie zur Saach. Dëst well lo awer nach laang net eeschen, dass den Film matt séngen Witzercher jidferengem séngem Goût entsprécht...Waat den Cast ubelaangt: Kloer, den Josh Hartnett probéiert fir déi weiblech Fans vierun d\'Leinwand ze lackelen; séng duerstelleresch Leeschtung ass awer och akzeptabel ann hiewt séch vum Duerchschnëtt oof - en deet engem schon baal leed. Iwwerraschend gudd ass och, dass se d\'Shannyn Sossamon erageholl hunn. Hatt mécht seng Saach guer net schlecht, ann bréngt dann och en romantesch-léiwen Touch ann den Film, deen ann Zesummenhang ang matt der Thematik erstaunlech gudd fonktionéiert. Sou bleiwt den Film eng matt e puer (hei obligatoreschen) Blödeleien duerchzunnen Comédie, bei däer een sech gudd ameséieren kann.
|
|
|
|
|
|
 |
 |
|
|
 |
|
|
|
Chris Sanders an Dean DeBlois
|
|
|
|
|
|
|
|
D\'Stemmen vun: Daveigh Chase, Chris Sanders, Jason Scott Lee
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
 |
Kritik an Informatiounen iwwert de Film:
Lilo & Stitch ass den Num vum neien Disneyfilm, secher een, deen en neien Standard an der Zeechentrickwelt setzt. Obwuel een baal mengt dass déi traditionell Zeechenweis vun den Bande-dessinées matt der Zait duerch déi nei Computeraniméiert Filmer ersaat gett, sou bleiwt d’Ennerhaalung jiddenfalls secher erhaalen: Héi am Film, produzéiert vun den Disney Studios, hun den Chris Sanders an den Dean DeBlois eng néi Welt opgestallt: eng kleng putzeg (soll en Eekel sinn) an souguer eng séiss Alien-Kreatur, déi op eis Welt geréit an do unfänkt d’Léift duerch den Haas ze ersetzen. Sou ginn an desem Film (wéi an allen aaneren Disneys och) déi üblech Thematiken behandelt: Léift, Haas, Frennschaft an einsam sin. Ausserdeem kennt dobai, dass am Lilo & Stitch eng super an flott Atmosphère herrscht, déi doduerch och d’Ennerhaalung staark an positiv an ‚Luucht dreckt. Ganz néi desskéier ass och d’Intregatioun vun der reaaler Menschenwelt and déi Zeechenwelt, sou ass daat bescht Beispill héi den Elvis Presley, deen matt senger Musek déi kleng Kanner ouni Problemer fazinéiren kann. Kuerz gesoot, den Lilo & Stitch ass en Film fir all Alter; matt enger exellenter Ennerhaalung an enger flotter Animatioun. Oballefall kuckenswert!!!
|
|
|
|
|
|
 |
 |
|
|
Horror / Action / Spannung
|
|
 |
|
|
|
|
|
|
Peter Frankfurt, Victor McGauley
|
|
|
|
|
Wesley Snipes, Kris Kristofferson, Tcheky Karyo, Daz Crawford
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
14 Joer wéinst Violence an Gore
|
|
 |
Kritik an Informatiounen iwwert de Film:
Den Gott an den Held; oder och flait den Feind vun all den Vampiren ass rem do: an en effet iwerascht den zweeten deel an engem positiven Senn. Den Guillermo del Toro huet den Blade méi staark, méi schnell an och méi respectloos gemaach wéi en emmer waar. Waat d\'Ennerhaalung am Blade II ungeet, ett ass en Film matt genialen Spezial-Effekter, vill Action and flott an speziell Kampfszenen, sou wéi eng gudd passend Musék and vill onerwaarten Situatiounen an Momenter. Vun der Geschicht hier, ass ett natiirlech d\'Fortsetzung vum eischten Deel, an awer ass se komplett verschidden, an sou huet och den Regisseur probéiert eng Allianz zweschent Gudd an Béis opzebauen; desst ass kreativ and eppes néies, dofir: en positiven Punkt. An awer ass den Blade II en donklen Film, matt kengem Daachesliicht, ouni Gefiller, ouni Léift an ouni dramatesch Aspekter. Mee firwaat och? Ett ass en Action-Aventure an deem all Iwwerdréiwung erlaabt ass. Den Wesley Snipes, Haaptakteur and Produzent vum Film, huet genau déi richteg Haltung fir sou en haarden an gefillslosen Held ze spillen. Genau sou den Ron Pearlman, dem sain Karakter am Film een direkt vun Unfank un haassen waert. Den Blade II ass en Film matt fill Spannung, attraktiver Ennerhaalung an konsiderabel schauspillereschen Leeschtungen. Mee, wéi gesoot, keen Film fir Léit déi den Horror-Vampir Genre nett gaer hunn.
|
|
|
|
|
<< Erkan & Stefan gegen die Mächte der Finsternis >>
|
    |
|
 |
 |
|
|
 |
|
|
|
|
|
|
Philip Voges, Mischa Hofmann
|
|
|
|
|
Erkan Maria Mossleitner, Stefan Lust, Bettina Zimmermann
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
 |
Kritik an Informatiounen iwwert de Film:
Och wann d\'Geschicht vum Erkan & Stefan 2 e wéineg wéi en Action-Thriller matt vill Spannung klengt, sollten déi Zwee trotzdeem nodenken éiren se handlen. Kuerz gesoot ass den zweeten Deel enttäuschend an villen Hinsiichten: d\'Geschicht ass nett kreativ, d\'Effekter schengen kopéiert vun den groussen amerikaneschen Filmer an och d\'Dialogen passen nett richteg an d\'Societéit vun den Mannéiren. Desst gellt och fir den Filmverlaaf and d\'Struktur, déi allen béit einfach an och repetitiv sinn. An awer brengen déi Zwee ett irgendwéi faerdeg den Geck matt den modernen Medien ze maan, an desst ass och den eenzegen positiven Punkt, an awer erem bléiwt ze soen dass een méi hätt kennen draus maan. Waat d\'Leeschtung vum Erkan an Stefan ungeet, sin sie, ausser hierem komeschen Daitsch-akkzent net grad gebuer fir d\'Schauspillerei an och d\'Bettina Zimmermann hätt méi kennten brengen, mee dozou ass och ze soen, dass ett schwéier ass matt sou engem blöden Karakter am Film anschtäneg ze spillen. Den Erkan & Stefan 2 ass en Teenie-Film matt fill satirischen Elementer, ongenügender Ennerhaalung and enttäuschenden Schauspiller.
|
|
|
|
|
<< Queen of the Damned >>
|
    |
|
 |
 |
|
|
Horror / Spannung / Thriller
|
|
 |
|
|
|
|
|
|
|
|
|
Aaliyah, Stuart Townsend, Marguerite Moreau, Claudia Black
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
 |
Kritik an Informatiounen iwwert de Film:
Waat mengt dir geschit wann e Vampir eng Kinigin erwächt, déi vill méi Muecht and Kraaft huet wéi all aaner verdammte Kreatur op der Welt? Den Micheal Rymer probéiert desst an der Buch Adaptioun vum Anne Rice sengem Bestseller ze erklären an ze weisen. Den \"Queen of the Damned\" ass zesummengesaat aus enger komescher Struktur an engem nett alt ze speziellen Filmverlaaf, souguer wann d\'Geschicht zimlech modern and kreativ klengt: matt engem Vampir, deen Rockstar gett and sou säin Welterfolleg féiert, hätten se kennten méi draus maachen. An trotzdem suergen déi fill schéin an flott Effekter (bekannt aus Dracula 2001) an och déi staark Gothik Musek fir gudd gelueden Szenen, déi dann och d\'Ennerhaalung op engem duerchschnettlechen Niveau haalen. Leider iwerzeegt den Stuart Townsend net als Vampir an och d\'Aaliyah schengt e wéineg verluer an dem Karakter vun der Kinigin. Grouss gesinn ass den Queen of the Damned eng Geschicht iwwert Revenge, Léift, d\'Verlaangen no Triumph and en schrecklechen Fehler, d\'Ennerhaalung ass ausreechend and d\'schauspillerech Leeschtungen sinn zimlech enttäuchend.
|
|
|
|
|
|
 |
 |
|
|
 |
|
|
|
|
|
|
Tarak Ben Ammar, Marina Gefter
|
|
|
|
|
Rebecca Rominj-Stamos , Antonio Banderas , Peter Coyote
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
14 Joer wéinst Erotik an Violence
|
|
 |
Kritik an Informatiounen iwwert de Film:
No Filmer wéi Dressed to Kill, Mission Impossible oder Snake Eyes, kéiert den De Palma matt \"Femme Fatale\" zereck, en Amerikanesch-Franséischen Thriller iwwert d\'Schicksal vun enger geféierlecher Fra an hier Zukunft. Sou wéi an sengen meeschten Filmer, ass och hei den Ufank faszinant an gett direkt eng Impressioun wéi wann ett sech em en geluedenen Action Thriller handelen géif. Mee, desst ass awer nett richteg, well matt der Zäit dréint en éischter Richtung donkelen and mysteriéisen Thriller, matt enger super structuréierter, komplexer and ganz kleverer Geschicht. Waat d\'Ideen an Femme Fatale unbelaangt, mierkt een schnell dass den Brian de Palma ett gaer huet e bessen awer discret Erotik anzebauen (daat gelengt och, wéinst sengen sexy and schéinen Schauspillerinnen), mee à part dovun, brengt hien ett faerdeg grouss Spannung matt onerwaarten Komplotten an onfiirsobar Schangenmenter ze kreéiren. Am Zentrum steet hei déi eng Fra, déi sech selwer duerch d\'Liewen kämpft andeem sie d\'Männer verféiert, fir se spéider auszenotzen oder och auszepressen. Um Wee fier an hiert néit Liewen, entdeckt sie dann hier Zukunft, sie probéiert nett an Gefoor ze kommen an bleiwt awer gezwongen e puer interesaant Faalen opzesetzen; zu hierem Fiirdeel? Oder flait zum Noodeel? Daat bleiwt iech awer iwwerloos erauszefannen. Mam Rebecca Rominj-Stamos huet den De Palma déi bescht Aktriss fier sou en Karakter fonnt and waat den Antonia Banderas ungeet hien gesäit emool guer nett schlecht aus als arroganten, awer fiirsichtegen Fotograaf. Femme Fatale ass en Film iwwert Korruptiounen an iwwert Dreem, matt attraktiver Ennerhaalung an exellenten Schauspiller.
|
|
|
|
|
|
 |
 |
|
|
 |
|
|
|
|
|
|
|
|
|
Richard Gere, Diane Lane, Olivier Martinez, Erik Per Sullivan, Myra Taylor
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
 |
Kritik an Informatiounen iwwert de Film:
Sou wéi och schon an aaneren Adrian Layne Filmer (Fatal Attraction, 9 1/2 Wochen) geet ett am \"Unfaithful\" haaptsächlech em Bezéihungen, Liebes-Veraat, Ontreiness and d\'Konsequenzen dovun. An der Mett seet hei déi bestuerte Fra, déi eigentlech jo sollt zefridden sin matt hierem Liewen, an awer ass deen Moment, deen soll hiert Liewen sinn, en schlemmen Feeler. Sou ass den Unfaithful en film matt engem interessanten an kleveren Opbau, deen nett langweilt, mee just e wéineg méi lues gett am zweeten Deel. Do taucht dann och den Probleem op, dass den Mann, gespillt vum Richard Gere, obeemool sou staark an couragéiert ass an sou och schnell zu aaneren Gefiller wiesselt. Mee am groussen ganzen kaan een soen dass den Layne ,matt senger Illustration vun dem Reiz an der Spannung vun enger Affair, reusséiert huet. Hien geet hei an vill Detailer an verglaicht propper d\'Evolution um Mann an d\'Schold vun senger Fra. Schauspillerech säit ass ze soen daß den Richard Gere hei wahrschéinlech seng bescht Mann-Papp Roll je spillt, an och Diane Lane ass esou sexy wéi nach nie firdrun. The remake vun dem 1969 \"La Femme Infidèle\" ass also en Film matt attraktiver Ennerhaalung and gudden Schauspiller.
|
|
|
|
|
|
 |
 |
|
|
Drama / Romance / Thriller
|
|
 |
|
|
|
|
|
|
Mark Johnson, Tom Shadyac, Gary Barber
|
|
|
|
|
Kevin Costner, Joe Morton, Ron Rifkin, Kathryn Erbe, Linda Hunt
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
|
 |
Kritik an Informatiounen iwwert de Film:
Den Dragonfly ass schon negatif kritiséiert gin éieren iwwerhaapt erauskomm ass. Wou sou Rümeuren zwar oft falsch kennen sinn, dess Kèier stemmt ett awer ongeféier zou. Déi éischt Saach ass déi Psycho-Mental Geschicht, welch komplett onrealistisch, komesch an konfus ass; well ett ass egal wéi nett méiglech fir sech sou secher ze sinn wéi wann een Doudegen Kontakt wéilt matt engem ophuelen. Sou kommen souguer schon éischt Zweiflungen op, wann eet d\'Synopsis vum Film liest. Waat dann den Verlaaf vum Film ungeet, ett ass en Mix aus Thriller, Drama, Aventure an bessen Spannung, déi awer ganz kloer un \"What Lies Beneath\" erennert (Waat Schreck- an Schock-Szenen ungeet). Also grob gesinn, Den Dragonfly ass en Film deen nett impressionéiert an och nett iwwerzeegt matt senger Onrealitéit an sengen Ideen vum Doud, Schicksaal an d\'Muecht vun der Relioun. Waat d\'schauspillerech Leeschtungen ungeet, d\'Kostner Fans missten enttäuscht ginn well hien kritt déi Saach matt Gefiller weisen an Trauer nett richteg hin. Dragonfly, en Film matt magelhafter Ennerhaalung an zefill Iwwerdréiwung.
|
|
| | |